D’LGX Arena geet an eng nei Ronn!

Ab dem 20. Februar 2022gëtt mat der LGX Arena dat gréisste Lëtzebuerger Esport-Evenement lancéiert. D’Aschreiwunge sinn ab elo méiglech.

Am Fokus vun der LGX Arena stinn d’Schéissspiller Apex Legends, Counter Strike: Global Offensive, Valorant a Call of Duty: Warzone, woubäi mat COD ugefaange gëtt. Déi dräi bescht Ekippen ginn heibäi mat engem Geldpräis vu 750 € belount.

Bis Juli ginn am Rhythmus vun eng bis zwou Kompetitioune pro Mount nach siwen Turnéier organiséiert, woubäi am Ganzen 10.000 € ze wanne sinn. Déi grouss Finale ass fir September 2022 geplangt. Natierlech ginn all Turnéier live op Twitch iwwerdroen a kommentéiert.

No der grousser LGX Convention am Joer 2019 gouf dat physescht Evenement an déi digital Welt verluecht. Eleng am leschte Joer hunn iwwer 850 Persounen deelgeholl.

Weider Informatiounen zur LGX Arena, den Aschreiwungen an den Datumer fannt Dir op arena.lgx.lu.

Dernières nouvelles