Search

You may also like

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn
Neiegkeeten Sport

Prokurdesch HDP soll verbuede ginn

De Sultan Erdogan a säin Dram vun engem neien osmanesche

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten
Neiegkeeten Sport

Interpol hëlleft de libaneseschen Autoritéiten

Nodeems d‘Police zu no der riseger Explosioun am Hafe vu

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?
Neiegkeeten Sport

D’Lëtzebuerger Nationalitéit: Esou beléift wéi nach ni?

An de leschte 5 Joer huet d’Zuel u Persounen, déi

Lëtzebuerger Esport: D’LGX Arena fuerdert seng Gamer eraus!

Lëtzebuerger Esport: D’LGX Arena fuerdert seng Gamer eraus!

Am Géigesaz zum traditionelle Sport, bitt Esports d’Méiglechkeet einfach op Online-Evenementer zeréckzegräifen. Aus dësem Grond huet d’Luxembourg Gaming Xperience säin neit Konzept presentéiert: Mat der LGX Arena gëtt e Circuit un digitalen Turnéier an zuelräiche Spiller ugebueden, bei deene sech all Gamer mat Anere moosse kann.

Déi lescht physesch Editioun vun der LGX huet iwwer 14.000 interesséiert Persounen zesummebruecht an méi wéi 5.000 Persounen iwwert LGX Online ugezunn. Déi 5. Editioun huet schliisslech Pandemie-bedéngt missen ofgesot ginn. D’Zäit hunn d’Organisateure genotzt an esou eng Initiative op d’Been gestallt, bei där d’Sportler sech net deplacéieren, dofir awer genee esou vill Kënnen hannert dem Schierm weise mussen.

Et sinn op mannst 10 Spiller wäerten um Programm stoen an och jee no Demande vun den interesséierte Persounen ugepasst ginn. Net feelen dierfen awer Klassiker wéi Rocket League, Call of Duty: Warzone oder och Counter Strike: Global Offensive a Fortnite. Den éischten Turnéier gëtt um 2. Mee mat Super Smash Bros Ultimate lancéiert. Umelle kann ee sech elo schonn.

D’Participatioun un der LGX Arena ass fir jiddweree méiglech a gratis. Präisser vun engem Gesamtwäert an Héicht vun 10.000 € kann een dobäi gewannen. All Competitioun gëtt live iwwert d’Plattform Twitch gestreamt a kommentéiert.

Weider Informatiounen zur LGX Arena, sou wéi d’Aschreiwunge fannt Dir op www.lgx.lu.

Related topics Call of Duty, Counter Strike, Digitale Ciruit, eSport, Fortnite, Gaming, LGX Arena, Luxembourg Gaming Xperience, Rocket League, Super Smash Bros
Next post Previous post