Search

You may also like

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider
International Neiegkeeten

Systematesch Ugrëff op zivil Séinoutrettungsorganisatioune gi weider

De 7. Abrëll 2021 fënnt virum Verwaltungsgeriicht zu Cagliaei (Sardinien)

D‘Stad stäipt säin Horesca-Secteur
International Neiegkeeten

D‘Stad stäipt säin Horesca-Secteur

Si haten sech zäiteg mobiliséiert fir hir Geschäftsleit net hänken

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag
International Neiegkeeten

„Ouni Angscht“: Barcelona néng Deeg nom Uschlag

Mat Blumen an der Hand… esou ginn haut dausende Spuenier

EU: En zweete Vol mat 12 Tonnen Hëllefsmaterial fir de Libanon

EU: En zweete Vol mat 12 Tonnen Hëllefsmaterial fir de Libanon

Gëschter huet den zweete Fluch vun der humanitärer Loftbréck vun der Europäescher Unioun an déi vun der Explosioun zerstéiert Stad Beirut bruecht. Dobäi si ganzer 12 Tonnen u liewenswichtegem humanitärem a medezinesche Material, dorënner och e mobilt Spidol a Gesiichtsmasken, befërdert ginn.

Wärend d’Käschte vum Transport komplett vun der EU iwwerholl ginn, hu spuenesch Autoritéiten, d’Philips Foundation an d’Universitéit vun Antwerpen d’Material bereetgestallt.

De Janez Lenarčič, EU-Kommissär vum Krisemanagement, huet erkläert, datt d’EU zënter der Explosioun schonn 29 Tonnen u liewenswichtegem Material geliwwert a méi wéi 64 Milliounen Euro vun Direkthëllef zur Verfügung gestallt huet. „Ech soen allen europäesche Länner an eise Partner op der Plaz, déi liewenswichteg Ënnerstëtzung ugebueden hunn an domat an dëse schwieregen Zäiten hir Solidaritéit mam Libanon ënnert Beweis gestallt hunn, Merci.“

Zesumme mam Material, dat den 13. August eriwwer geflu ginn ass, sollen déi medezinesch Bedierfnisser vun de Betraffene gedeckt ginn.

Libanon

© European Union

D’EU stäipt de Réck

Duerch déi uerg Explosioun um 4. August am Hafe vu Beirut, ass de libanesesche Gesondheetssystem, dee vun der Corona-Pandemie scho staark iwwerlaascht war, nach zousätzlech ënnert Drock gestallt ginn.

Scho kuerz nom Virfall hunn 20 europäesch Länner Sich- a Rettungsekippen, Experte fir chemesch Analysen, medezinesch Teams, Ausrëschtung an aner Hëllef zur Verfügung gestallt. Beim éischte Fluch um 13. August konnte méi wéi 17 Tonnen humanitär Hëllefsgidder, Medikamenter a medezinesch Ausrëschtung op d’Plaz bruecht ginn.

Franséische Besuch am Libanon

Gëschter Owend ass de franséische President Emmanuel Macron fir eng zweet Kéier an de Libanon geflunn. Béid Länner verbënnt eng gemeinsam Vergaangenheet a Frëndschaft: Virun engem Joerhonnert huet de Vëlkerbund Frankräich d’Mandat iwwert de Grousslibanon ginn. Haut de Mëtteg gëtt dësen 100. Joresdag gefeiert.

Libanon

Emmanuel Macron / Twitter

Bei senger Visitt kuerz no der Explosioun huet de Macron politesch Reforme gefuerdert an huet ugekënnegt am September zeréckzekommen. Ma, u seng Ausso huet de franséische President sech gehalen, an och d’Fuerderunge sinn nach ëmmer déi selwecht. Virun allem misst déi libanesesche Regierung géint d’Korruptioun am Land virgoen.

Laut dem däitsche Magasinn Zeit befiercht de Macron, datt dem Libanon nees e Biergerkrich bevirsteet, wann d’Land an dëser Krisesituatioun eleng gelooss gëtt.

Opmaacherbild: © European Union

Related topics Ammoniumnitrat, Beirut, Biergerkrich, Covid-19, Emmanuel Macron, EU, Europäesch Kommissioun, Explosioun, Gesondheetssystem, Hëllefsliwwerung, Humanitär Loftbréck, Libanon, Medezinescht Material, Medikamenter, Pandemie, Rettungsekippen, Zweete Fluch
Next post Previous post