Search

You may also like

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?
Neiegkeeten Stories

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?
Neiegkeeten Stories

Klimawandel: Firwat a wéi bei 1.5°C bleiwen?

Bei 1,5°C oder 2°C ass d‘Welt net méi déi selwecht,

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik
Neiegkeeten Stories

Europa: Méi Majoritéit woen an der Steierpolitik

Déi europäesch Kommissioun huet de vergaangenen Dënschdeg e Virschlag virgeluecht,

Liberty Steel Diddeleng, wéi laang nach?

Dank der ekonomescher Wäitsiicht vun der EU-Kommissioun, enger Regierung där anscheinend d‘Hänn gebonne sinn an offensichtlech kriminelle Wirtschaftsacteuren, sinn d‘Aarbechtsplaze bei Liberty Steel zu Diddeleng (a Léck) a Gefor.

Wäit iwwer 200 Gewerkschaftler, Beschäftegter a politesch Vertrieder waren ee Freideg dem Appell vum LCGB (Majoritär) an dem OGBL gefollegt, fir mat engem, Protestpiquet um Site vu Liberty Steel an der Diddelenger Industriezon Wolser, nach emol op d‘Geforen an d‘Konsequenzen ze verweisen, déi esou erzwongen Iwwergabe vu ganzen Industrieberäicher mat sech brénge kënnen.

Liberty© Martine de Lagardère / moien.lu

Virun zwee Joer huet den indesch-lëtzebuergesche Stolkonzern ArcelorMittal, sech den Italiener ILVA gekroopt, firwat se Bréissel Asiicht an den Deal geholl a befonnt hunn, datt dës Iwwernam nëmmen ënnert der Konditioun méiglech ass, datt sech vun anere Produktiounsstanduerter getrennt gëtt. Soss géif ArcelorMittal ze mächteg, an datt kéint een an der Unioun onméiglech zouloossen.

Datt et op där anerer Säit zolidd Problemer huet, déi wéinst dem Import vu bëllegem Stol aus China entstane sinn, firwat et hei och ëm d‘Kompetitivitéit vun den europäeschen Entreprise geet, dat ass den Technokraten a an de Wirtschaftslobbyiste bannent der EU-Kommissioun anscheinend egal. An elo ass d‘Bëtschel fett. No der wuel och nach frauduléiser Faillitte vu Greensill, geet d‘Angscht ëm.

Wat net sollt iwwersi ginn

Wann een net bei all Faillitt direkt den Däiwel un d‘Mauer mole sollt, besonnesch wou den Ament grad de Stolsecteur gutt sollicitéiert ass an och d‘Margen nees Profit verspriechen, esou huet et am Dossier „Liberty“ ee puer Detailer, déi engem ze bedenke musse ginn. De Sanjeev Gupta, de Kapp hannert dësem indesch-brittesche Konstrukt, an de Lex Greensill (Greensill Capital) sinn de facto just Blender an hunn allem Uschäin no d‘Iwwernam iwwert ongedeckte Kreditter finanzéiert.

Liberty© Martine de Lagardère / moien.lu

Also ganz „ongedeckt“ eigentlech net, well esou wéi et ee Freideg vu Gewerkschaftssäit erkläert gouf, ass de Standuert Diddeleng als „Garantie“ (wéi all d‘Site vu Liberty) agesat ginn. Fir elo eng Katastroph ze verhënneren, fuerdert esouguer den LCGB – eng Woch no der KPL – d‘Iwwernam vum Site duerch d‘Regierung. D‘Nationaliséierung als Alternativ zur Schléissung, an d‘Gestioun duerch d‘SNCI sinn eng gemeinsam Fuerderung vu Personaldelegatioun a Gewerkschaften.

Esou ee Schratt géif verhënneren datt de Standuert Diddeleng – an esou wuel och dee vu Léck, well béid Wierker sinn sech eppes komplementar an et geet och drëms net op Käschte vun de Kolleegen an der Belsch, seng Haut ze retten – verluer geet. D‘SNCI, där d‘Gewerkschaften zoutrauen déi noutwenneg Expertise ze hunn, ee (wierklech) valabele Repreneur ze fannen, wollt sech net dozou äusseren. Dobäi wier hei Geld ze maachen, wann de Betrib d‘Commande kéint honoréieren.

De renge Wahnsinn

Wa stëmmeg ass wat d‘Personaldelegatioun bäizedroen huet, da feelt et net un der Demande an och d‘Cliente wieren nach do. Leider huet et keng Liquiditéite méi, firwat de Standuert Diddeleng nach just op 20% vu senge Produktiounscapacitéite leeft. Et hätt esouguer Clienten, déi fir un déi eppes begierte Produkter ze gelaangen, decidéiert hunn d‘Matière Première ze kafen. Ass dat verréckt?

Liberty© Martine de Lagardère / moien.lu

Net fir déi ronn 75% vun de Mataarbechter déi a Kuerzaarbecht sinn, an eigentlech net méi wëlle, wéi hirer Aarbecht nozegoen an eben dëse Clienten ee Spëtzeprodukt „Made in Luxembourg“, dat déi jo erwisenermoosse brauchen, hierzestellen. Fir de bäigeuerdnete Generalsekretär vum LCGB, Robert Fornieri, ass dat schlëmmst, datt all d‘Ängschten déi d‘Reprise mat sech bruecht huet, sech elo als berechtegt erweisen. „Ee schéint Beispill wéi ee Schued d‘Finanzwelt provozéiere kann“.

De Ball läit awer elo emol fir unzefänke bei der Regierung an hei méi konkret beim Minister Franz Fayot, deen als erfuerene Wirtschaftsaffekot éischter géint eng Verstaatlechung, esouguer temporär, ass, well jo d‘Regierung sech aus der Privatwirtschaft eraushale soll. Liberty Steel ass keng Luxair a keng CFL, jo net emol en Thermalbad… Alternativen huet hien hei nach keng, mee et presséiert.

Annex: Déi integral Ried vum Secrétaire Général Adjoint vum LCGB, Robert Fornieri

Fotoen: © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics ArcelorMittal, Diddeleng, Franz Fayot, GFG Alliance, Greensill Capital, Liberty Steel, Nationaliséierung, SNCI, Stolsecteur, Verstaatlechung
Next post Previous post