Search

You may also like

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser
International Neiegkeeten

D‘Recommandatioune vum UN-Generalsekretär fir de Schutz vun de Palestinenser

Den UN-Generalsekretär, Antonio Guterres, huet e Freideg véier Recommandatioune presentéiert,

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren
International Neiegkeeten

Twitter wëll d‘Annonceure vu politesche Reklammen identifizéieren

Um Donneschdeg huet sech Twitter nei Richtlinne ginn, an huet

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder
International Neiegkeeten

Nei an eenheetlech Kennzeechnunge vun nationalen Naturschutzgebidder

D’Ausweidung vun den Naturschutzgebidder ass eent vun de wichtegsten Instrumenter

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen

Amnesty International kritiséiert Europa wéinst Sklaverei a Libyen

Haut huet d‘Mënscherechtsorganisatioun Amnesty International (AI) déi europäesch Regierunge beschëllegt, d‘Handlaanger an d‘Komplize vun all deenen ze sinn, déi sech a Libyen der Versklavung an dem Mënschenhandel unhuelen.

Ënnert anerem steet och de Virworf am Raum, datt d‘Küstewaach, déi vun der EU „ënnerstëtzt“ gëtt, massiv implizéiert ass. „Déi europäesch Regierungen si wëssentlech Komplize vun der Folter an dem Mëssbrauch deem d‘Migranten an d‘Refugiéeën duerch déi libesch Autoritéiten ausgesat sinn“, esou Amnesty International an engem haut verëffentlechte Rapport.

AI beschëllegt d‘Europäer e „sophistiquéierte System vu Mëssbrauch an Ausnotzung vu Migranten a Refugiéeën“ ze ënnerstëtzen. E System, dee vun der Küstewaach, de Verantwortleche vun de Flüchtlingslager an de Mënschenhändler gutt ausgebaut ginn ass, a fir d‘EU deem eenzegen Zweck déngt, d‘Leit dovunner ofzehalen, iwwert d‘Mëttelmier ze kommen.

„Dausende Mënsche ginn zäitlech onbegrenzt an iwwerbeluechte Lager festgehalen, wou se zousätzlech och nach schlëmmsten Haftbedéngungen ausgesat sinn“, esou den John Dalhuisen, Direkter AI-Europa. „Déi europäesch Regierunge sinn net nëmme ganz gutt iwwert d‘Zoustänn informéiert, mee sinn, riicht eraus gesot, Komplizen“.

Keng zwanzeg Optiounen

Fir den John Dalhuisen ass et ersiichtlech, datt „déi europäesch Regierungen hir Zesummenaarbecht mat Libyen mussen iwwerdenken, besonnesch a punkto Migratioun. Et muss de Leit erméiglecht ginn, legal no Europa ze reesen, a besonnesch wichteg wier et déi dausende Refugiéeën aus Libyen a Sécherheet ze bréngen.“

Europa misst och „drop bestoen, datt déi libesch Autoritéiten déi arbiträr Verhaftunge vu Migranten a Refugiéeën astellen“, esou den John Dalhuisen dee zudeem fuerdert, „datt all Auslänner aus de Prisongen a Lager“ sollen entlooss ginn.

„Säit Enn 2016 hunn d‘EU-Memberlänner – notamment Italien – eng ganz Rëtsch Mesure getraff, déi eenzeg drop aus ass, de Wee a Richtung Europa ofzespären. Dobäi ass kee Gedanken un d‘Situatioun vun de Mënschen a Libyen verschwent ginn“, esou déi dréche Feststellung vun Amnesty International.

Laut AI, hunn déi verschidden europäesch Regierungen de libeschen Autoritéiten Ënnerstëtzung ugebueden, datt besonnesch am „Kampf géint déi illegal Awanderung“. Den Departement deen sech ëm d‘Gestioun vun de „Lager“ këmmert an d‘Küstewaach gi vun europäesche Spezialeenheete forméiert an vu de Länner finanziell „subventionéiert“.

Hei géif dann och ganz bewosst a Kaf geholl ginn, datt déi vun der Küstewaach opgegraff Refugiéeën oder Migranten, an Lager iwwerstallt ginn, wou de Mëssbrauch an d‘Folter zum Alldag gehéieren. Bis haut, esou Amnesty International, wieren eng 20.000 Mënschen esou agespaart an de schlëmmste Gräisslechkeeten ausgesat.

Bezuelen an ewech kucken

Nom Skandal, deen ausgeléist gi war, wéi d‘Biller vun engem Sklavemaart uechter déi ganz Welt gaange sinn, si Moossname versprach ginn. Als éischt huet sech déi afrikanesch Unioun (AU) verflicht déi betraffe Migranten an hir Länner zréckzeféieren. Dat méiglechst nach bannent de nächste sechs Wochen.

Déi „Lager“ sinn offiziell ënnert der Opsicht vun der „el-Sarraj Regierung“ (vun der UNO agesat a säit dem 12 Mäerz 2016 vun der internationaler Communautéit ënnerstëtzt). Dausende weider Migranten a Refugiéeë ginn dann och nach a vu Milizen oder soss „Banden“ kontrolléierte Lager festgehalen, zerschloen a verkaf. An ëmmer kuckt Bréissel no…

AI huet Dosende Migranten a Refugiéeë befrot, déi sech zum „Mëssbrauch an der Folter, déi hinne selwer ugedoe ginn ass“, ausgedréckt hunn. Arbiträr Verhaftungen, Folter an Zwangsaarbecht ware bei dësen Aussoen de roude Fuedem. Déi Befroten hunn uginn, vum Waachpersonal d‘Geld a soss Wäertsaachen ofgeholl kritt ze hunn.

Gléck ka ganz „relativ“ betruecht ginn

Mee och wann ee bezuele konnt, an ee mengt, et géif ee fräi gelooss ginn, da bedeit dat eigentlech just, datt een un aner Bande weidergereecht gëtt, déi een dann zu Zwangsaarbecht zwéngen oder op engem „Maart“ verkafen. Nëmme, wann ee ganz vill Gléck hätt géif een un Trafikante geroden, déi engem eng vun de begierte Plazen op enger Nossschuel besuergen. Mee och dofir brauch et Geld…

Amnesty International beschëllegt dann och d‘Küstewaach um Trafic bedeelegt ze sinn a mat de „Passeuren“ zesummenzeschaffen. E Migrant aus Gambia, deen iwwer dräi Méint festgehale ginn ass, huet AI erzielt wéi et him an engem vun der Küstewaach „gefouert“ Lager ergaangen ass. All Dag wier hien zerschloe ginn an z‘Iessen hätt och kaum ginn.

„Si hu mech mat engem Schlauch zerschloen, si wollte Geld géint meng Fräiheet. Si ruffen deng Famill un an dann zerschloen se dech, fir datt d‘Leit doheem matkréie wat grad geschitt an si dann dat Geld schécken“, esou de Bericht.

Amnesty International beschëllegt d‘Küstewaach zudeem bewosst d‘Liewe vun de Migranten op d‘Spill ze setzen. Och wier d‘Bedreeung vun ONGen déi am Mëttelmier aktiv sinn, ganz reell. Wien um Mëttelmier ënnerwee ass fir Leit virum erdrénken ze retten, bréngt sech hei selwer a Gefor. Esou erënnert AI un de Virfall vum 6. November, bei deem d‘Küstewaach déi däitsch „Sea-Watch“ behënnert huet a fënnef Migranten erdronk sinn.

mat AFP

Foto: Zu Zawiyah, eng 45 Kilometer vun Tripolis ewech, eng Lager fir „illegal“ Awanderer. Folter a Sklaverei statt de Wee iwwert d‘Mëttelmier, datt ass d‘Lous vun de meeschten. Europa huet d‘Dier schonn a Libyen zougeschloen. Wat mat de Mënsche geschitt schéngt sekundär ze sinn. © Taha Jawashi/AFP

Related topics Amnesty International, Europa, Folter, Libyen, Sklaverei
Next post Previous post