Search

You may also like

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti
International Neiegkeeten

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti

En Äerdbiewe vun der Stäerkt 7,2 op de no uewen

Finanzminister presentéiert de Budget 2019
International Neiegkeeten

Finanzminister presentéiert de Budget 2019

Et ass net dem Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), säin éischte

Nascar: De Gil Linster ass zeréck
International Neiegkeeten

Nascar: De Gil Linster ass zeréck

Nodeems de Pilot (gezwongenermoossen) e puer Méint keng Konkurrenz déi

Sea-Watch: Brutal Attack a maltesescher Rettungszon

Sea-Watch: Brutal Attack a maltesescher Rettungszon

Den Donneschden gouf d’Crew vun der Seabird, den Opklärungsfliger vu Sea-Watch, Zeie vun engem brutalen Ugrëff an der maltesescher Rettungszon. Wéi wann illegal Pullbacks net géingen duergoen – elo ass déi sougenannte libysch Küstewuecht e Schratt méi wäit gaangen.

Si hunn an d’Richtung vum Boot geschoss, probéiert et ze rammen an ausserdeem mat Géigestänn op d’Mënsche geschoss. Dobäi sinn si dach just op der Sich no enger zweeter Chance, engem neie Liewen.

Vu Schëss gëtt dacks bericht, ma leider gëtt et seelen dokumentéiert. Déi libyscher Küstewuecht krut d’Patrouilleboot ‘Ras Jadir’ am Mee 2017 vun Italien geschenkt. Domat kann ee soen, datt déi europäesch Partner den Doud vu villen onschëllege Mënschen a Kaf huelen. An dat wahrscheinlech muttwëlleg.

Sea-Watch
Sea-Watch / Facebook

Esou Leit sinn net do fir Mënschen ze retten, déi Europäesch Unioun muss elo endlech d’Konsequenzen aus deem Verhalen zéien an d’Zesummenaarbecht mat der krimineller Küstewuecht beenden. Wat soll dann nach geschéien?

Des weidere sollen d’Staaten wéi Malta an Italien hirer Flicht zur Rettung erëm nokommen an esou e gutt Virbild fir aner Staaten an Autoritéite sinn.

Wirtschaftlech Interesse sollen net iwwer Mënscheliewen a Mënscherechter gestallt ginn! Et muss sech un d’Prinzipie vum internationale Séirecht gehale ginn, soss gëtt et schif aus.

Related topics illegal Pushbacks, libysch Küstewuecht, maltesesch Rettungszon, Schéisserei, Sea-Watch, Seabird, Séinoutrettung
Next post Previous post