Search

You may also like

FLIP: Insekten- an Aarteschutz an der Stad Oochen
International Neiegkeeten

FLIP: Insekten- an Aarteschutz an der Stad Oochen

Mam neie Projet „FLIP“ sollen an a ronderëm Oochen, déi

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen
International Neiegkeeten

De Lëtzebuerger Staat muss sech schëlleg weisen

Am November 2020 hu 6 Jonker aus Portugal eng Plainte

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!
International Neiegkeeten

Yumm Festival um Kierchbierg – Et gëtt kulinaresch!

Beim Yumm Festival 2019 wäerten nach méi Foodtrucks am Concours

Walen a Liechtenstein: Wéi eng Aussiichte fir d‘Sabine Monauni?

Walen a Liechtenstein: Wéi eng Aussiichte fir d‘Sabine Monauni?

Den nächste Mount gëtt am Liechtenstein en neie Landtag gewielt an d‘EU-Diplomatin Sabine Monauni gëtt als Favoritin fir de Posten als Premierministesch genannt. Dat wier eng Première, woubäi och vun engem judiciéise Choix rieds dierf sinn.

Mee fir unzefänke gëtt Ufank Februar emol en neie Landtag gewielt, eréischt da kann d‘Parlament den oder déi Regierungscheff(in) ernennen. Déi 46 järeg Diplomatin ass zanter 2001 berufflech a politesch enk mat der Europäescher Unioun verbonnen an zanter 2016 d‘Ambassadrice vum Fürstentum zu Bréissel. D‘Sabine Monauni gëtt als déi aussiichtsräichst Kandidatin genannt.

D‘Politikerin gehéiert zu chrëschtlech-konservativer Biergerpartei FBP, där et viru véier Joer, trotz erhieflechem Wielerverloscht nach esou just gelongen ass déi meeschte Stëmmen ze kréien. Si stellt grad wéi déi „Vaterländische Union“ (VU) 8 vun de 25 Mandater. Déi sinn dann och zesummen eng Koalitioun agaangen. De Premier Adrian Hasler (FBP) trëtt bei dëse Walen allerdéngs net méi un.

Esou kéint et dem Sabine Monauni tatsächlech geléngen, d‘Spëtzt vum Fürstentum ze iwwerhuelen an eng nei Ära anzelauden. Hei muss gewosst sinn, datt bis ewell den Undeel u Fraen am Landtag zu Liechtenstein bei 12% geleeën ass, an et bis ewell kaum Ustalte gouf, d‘Presenz vun de Fraen an der Politik ze fërderen. Woubäi sech och am Fürstentum d‘Zäite staark verännert hunn.

Dat léist sech un de Gemengewalen 2019 festmaachen, wou den Undeel u Fraen dann awer bei 40% geleeë war. Déi stramm konservativ Ausriichtung vun der Steieroase bleift erhalen, mee d‘Muecht vun de Männer schéngt brécheg ze ginn. Dat verhënnert net d‘Feststellung, dat d‘Fraen am Fürstentum nach ëmmer manner bereet sinn hir Kandidatur fir ee politescht Mandat ze stellen.

Ee Wiessel kënnegt sech un

Am Liechtenstein hunn awer ganz allgemeng och d‘Parteien Ustrengungen ënnerholl, méi Fraen an der Politik unzesidelen. Esou huet och d‘VU nieft engem Regierungskandidat, zwou Dammen an d‘Renne geschéckt, firwat streng geholl d‘Fro vum Spëtzekandidat oder Spëtzekandidatin éischter niewesächlech ass. Unhand de bekannte Kandidaturen dierft d‘Regierung vu Fraen dominéiert ginn.

Déi meescht ënnert eis dierft et verwonneren, datt esou eng Parlamentswal iwwerhaapt relevant ass, well wat interesséiert et d‘Welt wat am Fürstentum lass ass? Dozou sollt ee wëssen, datt dëst klengt Land eréischt 1984 d‘Walrecht fir Fraen agefouert huet. Dat esou laang „gewaart“ ginn ass, gouf sengerzäit domat begrënnt, datt auslännesch Fraen iwwert d‘Bestietnis d‘Muecht ergräife kéinten.

Liechtenstein zielt ronn 38.750 Awunner an den Auslännerundeel ass bei gudden 30% geleeën. Dat hat derzou gefouert, datt een Dag nodeems d‘Fraewalrecht beschloss gouf, déi automatesch Abiergerung duerch d‘Bestietnis ofgeschaaft an duerch eng Karenzzäit ersat ginn ass. 37 Joer méi spéit kéint elo eng Fra d‘Leedung vun de Regierungsgeschäfter iwwerdroe kréien.

Un der Staatsform selwer – de Fürstentum Liechtenstein definéiert sech selwer als „konstitutionell Ierfmonarchie mat demokratesch-parlamentarescher Grondlag“ – ännert sech dofir näischt. D‘Vollek wielt wuel d‘Legislativ an huet „direkt-demokratesch“ Mëttel, mee dat lescht Wuert huet de Regent, also de Prënz Alois, deen zanter 2004 d‘Geschäfter fir säi Papp Hans-Adam II féiert.

Foto: D‘Kandidatenteam vun der FBP (v.l.n.r.) Manuel Frick, Sabine Monauni, Katrin Eggenberger. Si goufe schonn den 18. August vum Parteipräsidium der Ëffentlechkeet virgstallt. © FBP

Related topics Fürstentum, Ierfmonarchie, Landtagswalen, Liechtenstein, Sabine Monauni
Next post Previous post