Search

You may also like

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!
Meenung Neiegkeeten

Superjhemp-Ausstellung – och un de Sonndeger op!

D’Ausstellung De Superjhemp ënnert dem Röntgenbléck ass net nëmmen an der

Zouloossung vum Janssen-Impfstoff – Just eng Dosis pro Persoun gëtt gebraucht
Meenung Neiegkeeten

Zouloossung vum Janssen-Impfstoff – Just eng Dosis pro Persoun gëtt gebraucht

D’Europäesch Kommissioun huet gëschter e véierten wierksamen Impfstoff géint de

Dem Trump säi Krichsgeflüster ass net méi ze iwwerhéieren
Meenung Neiegkeeten

Dem Trump säi Krichsgeflüster ass net méi ze iwwerhéieren

D‘Lag am noen Oste fänkt nees un oniwwersiichtlech ze ginn,

Räif, räif, iwwerräif* – fir dräi kleng Buschtawen (Lieserbréif)

Räif, räif, iwwerräif* – fir dräi kleng Buschtawen (Lieserbréif)

Eigentlech si mir nach guer net un der Zäit vun der Reife, also der Recolte ukomm. Trotzdeem schéngt mir d’Zäit, besonnesch elo am Fréijoer, wou sech jiddereen aus dem Wanterschlof streckt a voller Energie starte wëll, räif, jo, eben iwwerräif ze sinn.

Iwwerräif fir Verännerungen, Erneierungen an Neiufäng. Iwwerräif endlech ëmzesetzen, wouvun am Koalitiounsofkommes esou schéin geschriwwen steet: biolandbau ausbauen – aktiv, mat allen Institutiounen, Baueren an de Lëtzebuerger, déi ee Bewosstsinn fir biolandwirtschaft kréie mussen.

Mënsche mat Land, déi verstoe léiere mussen, datt regional a saisonal zwar schéin ass, virun allem op de Reklammen, mee datt eis laangfristeg just dräi kleng Buschtwaen an hirer Ëmsetzung wierklech en Notze bréngen.

Dat ass einfach meng Iwwerzeegung, och wa se gär als Ideologie ofgedoe gëtt.

D’Natur bereet sech op déi nei Vegetatiounsperiod vir, eng herrlech Zäit vum ervirbriechende Liewen, dat sech duerch näischt ophale léisst.

An dëser Stëmmung wëll ech un eis politesch verantwortlech Matmënschen appelléieren: Loosst Iech vun der Natur ustiechen an handelt an hirem Sënn, fir datt d’Natur erhale bleift an hir kultivéiert Form no de Prinzipien vun der biolandwirtschaft als schlëssegt Ganzt haut AN muer nach fonctionnéiere kann.

Dräi kleng Buschtawen – d’Zäit ass räif, räif, iwwerräif dofir.

*Peter Cornelius

E Lieserbréif vum Daniela Noesen, Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl

Related topics Appell, Bewosstsinn, Biolandbau, Daniela Noesen, GAP, Lieserbréif, Politik, räif, räif räif iwwerräif, Recolte, regional, saisonal, Vereenegung fir Biolandwirtschaft Lëtzebuerg Asbl
Next post Previous post