Liewen … méi oder manner

Een Hommage fir ee bemierkenswäerte Mann

Dëse Mëttwoch, den 8. Dezember 2021 war den Vernissage vun der aussergewéinlecher Ausstellung « Liewen … méi oder manner ».

Dës huet op der Stroossbuerger Plaz stattfonnt, d’Buergermeeschtesch vun der Stad, d‘Lydie Polfer an d‘Schäffe waren och uwiesend.

Dës Fotoausstellung, déi nach eng Zäit bewonnert ka ginn, gouf vun der gemengnëtzeger Organisatioun Stëmm vun der Strooss organiséiert. Et ass ee beréierenden Hommage un de kanadesche George Edward Nixon, deen zu Lëtzebuerg gelieft huet. Dësen ass am leschte Joer am November verstuerwen.

Warscheinlech huet bal jiddwereen d‘Bekanntschaft mat dëser impressionanter Perséinlechkeet gemaach. Hien war fir all Gespréich oppen a passionéiert vun der Fotografie esou wéi vum Film. Duerch dem George seng zuelräich Aarbechten, huet hien d‘Persounen, déi keen Ënnerdaach haten, uerdentlech representéiert. Och hie selwer war op der Strooss, mee hien huet sech ni beklot a versicht aus all Situatioun dat Bescht ze maachen.

Jo, et kann een tatsächlech esou wäit goen a soen, datt hien de Botschafter fir d’Mënschen op der Strooss war. Hien hat ee grousst Häerz an een onendlecht Versteesdemech. Een Gentleman, deen engem d’Dier opgehalen huet. Hien huet op seng Matmënschen Uecht gedoen – onofhängeg vun hirem soziale Status.

An duerch säin groussaartegt Talent, konnt den George d‘Mënschen, d‘Situatioun an hire Charisma mat senger Kamera afänken. Dës weideren huet hien a 60 Filmer, Dokumentatiounen a Museksvideoe matgespillt. Hien war bei allem dobäi. A grad dës Passioun huet dozou gefouert, zuelräich Projete fir d’Fondatioun Thierry van Werveke duerchzeféieren.

Am Joer 2000 gouf den George Edward Nixon dunn Benevole an der Stëmm vun der Strooss. Hien huet zesumme mat der Direktesch Alexandra Oxacelay zesummegeschafft, fir de Mënschen an Nout ze hëllefen. Dobäi war seng Liewenserfarung eng grouss Beräicherung fir d’Ekipp.

„Den George war ee groussaartege Mann, hien huet d‘Mënschen op der Strooss duerch seng Fotoe representéiert. Duerch seng Fotoen konnt hien, hier Éier erëm hierstellen.“

Esou wäert sech och nach weider un de George erënnert ginn. Un een exzellenten Nolauschterer, deen d‘Welt ee Stéck besser gemaach huet. Wéi wier se wuel, wa mir all ee Krack méi ewéi de George wieren?

Fotografië vum Georges Kieffer ergänzen dës wonnerbar Ausstellung.

Dernières nouvelles