Search

You may also like

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter
International Neiegkeeten

E Bréif, ee Plang a vill erstaunt Gesiichter

An engem laange Bréif un den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, huet

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)
International Neiegkeeten

En neie Stroossebelag fir d’Autobunn A13 (09.-11.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt op der Autobunn A13, tëscht dem

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref
International Neiegkeeten

Tacheles: Iwwert e visiounslose Walkampf zu Cliärref

An e puer Deeg wielen d’Bierger vun der Gemeng Cliärref

Liewenslänglech fir den Donald Trump

Matten an d‘Impeachment-Prozedur fält e Weeweisend Urteel: de fréieren US-President ass wéinst widderhueltem Opruff zu Gewalt, vun Twitter dauerhaft gespaart ginn

Liewenslänglech fir den Donald Trump

Et war dem charismateschsten US-President aller Zäiten seng léifste Spillsaach, an et kann een dem Mann attestéieren den Notze vun dësem moderne Kommunikatiounsmëttel verstanen ze hunn. An e puer prägnante Sätz, virzuchsweis kuerz gehalen, ëmmer gäre mat Ausruffzeechen a wann néideg och emol ganz a Groussbuschstawe verfaasst. Domadder ass elo Schluss.

„Ons Reegele sollen dofir Suergen, datt kee zur Gewalt ustëft. Wann een dat mécht, huele mir e vun der Plattform erof. Eis Reegele loossen et zou, esou Leit de weideren Zougang ze verbidden“, esou den Twitter-Finanzchef Ned Segal am Interview mat CNBC. Twitter hat dem 45. President vun de Vereenegt Staaten nom Stuerm op de Kapitol bekanntlech de Stecker gezunn. Dat gouf begréisst…

Donald

Et muss an dësem Kontext nach drun erënnert ginn, datt de Sträit tëscht der Plattform sech iwwer Méint higezunn huet. Och Geriichter hu sech zuweile mam presidentiellen Ëmgang mat Twitter misse beschäftegen. Esou hat en New Yorker Geriicht am Juli 2019 entscheet, datt de President seng Kritiker op Twitter net spären dierf. Spéider gouf et dann déi begleedent Warnhiweiser.

Natierlech huet och Facebook matgezunn, an den Donald Trump blockéiert. Hei wëll een awer op Transparenz setzen, a léisst d‘Moossnam vun engem onofhängege Gremium préiwen (esou eppes huet bei Twitter nach ëmmer net) well een der Meenung ass, esou Decisioune gutt begrënnt a wuel iwwerluecht huele muss. Et gëtt schliisslech kee Recours vir de Notzer, Asproch ass net virgesinn.

Wie kontrolléiert d‘Meenungsfräiheet?

Elo kann ee sech freeën, datt eng verbal randaléierend Wëllsau – zesumme mat Dausende vu Fans – vun der Plattform gespaart ginn ass. Et dierf een an dësem Kontext awer drop hiweisen, datt et nach aner „prominent“ Figure gëtt, déi verbal net manner aggressiv an „däitlech“ ënnerwee sinn. Gutt et ass richteg, datt och dem Donald Trump säi südamerikaneschen Zwilling „zenséiert“ huet.

Wann een sech also eng wäiss Vest iwwerzéie wëll an esou eng staark Message un d‘Notzer vun dësem Déngscht iwwermëttelt, da sollt ee Konsequent sinn. Dat awer ass nees eppes ze vill verlaangt, well Twitter a Facebook (a wuel och all déi aner Plattformen) si just per Definitioun „sozial“ Netzwierker. Un éischter Stell sinn et digital Konzerner, an et geet nëmmen ëm de Goss.

Donald

Do kéint ee séier behaapten, dat et déi wirtschaftspolitesch Aspekter sinn, déi a leschter Instanz doriwwer entscheeden, wat elo genee Haasspriedegte sinn a wéini den Tatbestand vun der Hetz an/oder Opruff zur Gewalt erfëllt ass. Wann et grondsätzlech gutt a richteg ass, datt Plattformen Haass, Gewaltverherrlechung, Pornographie a villes méi filteren, wie kontrolléiert d‘Plattformen?

Well dës „Zensur“ déi d‘Wirtschaftsacteure – och deels an Ofsprooch mat Regimmen oder op Ufro – duerchféieren, gëtt net am geréngste kontrolléiert. Et ass eben hire „Business“ an et ass hinne fräi iwwerlooss, wien si op hire Plattformen zouloossen. An esou entstinn ëmmer méi kleng Plattforme wou déi „Verdriwwen“ ophuelen a gewäerde loossen, zumindest bis d‘Justiz sech amëscht.

mat indymedia/sfo

Illustratioun: © Ravi Sharma / unsplash

Related topics Donald Trump, Haasspriedegten, Sozial Netzwierker, Twitter, Wirtschaftsacteuren, Zensur
Next post Previous post