Search

You may also like

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen
International Neiegkeeten

Youth For Climate: D’Long vum Planéit an Äschen

„An dësem Moment zerstéiere Bëschbränn – déi sech méi schnell

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit
International Neiegkeeten

déi Lénk fuerderen Direktmoossname géint Rassismus zu Lëtzebuerg a weltwäit

déi Lénk ënnerstëtzen d’Protestbeweegung an den USA an an Europa

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz
International Neiegkeeten

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz

Ee Mount nom Dout vum George Floyd zu Minneapolis huet

Liewenslänglech fir Vëlkermord

Den UN-Krichsverbriechertribunal zu Den Haag huet d‘Strof géint de Serb Ratko Mladic bestätegt

Liewenslänglech fir Vëlkermord

26 Joer nom Vëlkermord vu Srebrenica, ass de „Generol“ vum UN-Krichsverbriechertribunal am Appell zu liewenslaanger Haft veruerteelt ginn. Domadder gëtt d‘Uerteel aus éischter Instanz vum Joer 2017 fir den Drecksak, deen der Welt als „Metzler vum Balkan“ wäert an Erënnerung bleiwen, bestätegt. Seng Fans gesinn dat alles awer nach ëmmer net an…

D‘Riichter hunn dem Mäerder seng Anträg fir Appell alleguerten zeréckgewisen, an hunn de Ratko Mladic nach eng Kéier fir den Auteur an déi dreiwend Kraaft, hannert dem Massaker vu Srebrenica gehalen. Am Juli 1995 haten seng bosnesch-serbesch Mäerderbanden an Uniform d‘Stad ageholl an eng 8.000 moslemesch Jongen a Männer reegelrecht ofgeschluecht. Eng Dot déi als dat schlëmmst Krichsverbriechen zanter dem 2. Weltkrich beschriwwe gëtt.

A Bosnien-Herzegowina – eent vun de Balkanlänner datt sech d‘Unioun am Kontext vun der EU-Osterweiderung averleiwe wëll – halen d‘Bierger séier wéineg vum Tribunal a sengem Uerteel, Fir si sinn d‘Verbriecher vun deemools, Vollekshelden. Esou och den 78 järege Fantast a Mäerder. Och déi aktiv politesch Acteuren am Land verleegnen d‘Evidenz a verherrlechen dës Strooftäter.

De Procureur deen d‘Uklo geleet huet, Serge Brammertz, ass duerch dëse Beholl beonrouegt an erkläert: „Wann ech tëscht haut a virun zéng Joer vergläichen, muss ech feststellen, datt sech d‘Politiker net scheien, d‘Strofdoten ze bestreiden an d‘Täter ze verherrlechen“. Haut ginn d‘Mäerder, wann d‘Strof verbéisst ass, beim hirem Retour an d‘Heemecht als Helde gefeiert. Normal, zanter 2012 sinn d‘Krichsdreiwer un der Muecht.

Kulturell wéi ideologesch dernieft

De bosnesche Politiker Milorad Dodik, e Mann mat Qualitéiten déi och engem Manfred Weber, EPP-Fraktiounschef a grousse Fan vu Männer mat kloren ideologesche Virstellungen, zuweile gutt gefalen, hat iwwer de Weekend nach erkläert, datt dat serbescht Vollek den Tribunal éischtens net unerkennt an de Ratko Mladic an hiren Häerzen ëmmer de Held vun der Befreiung wäert bleiwen.

https://www.moien.lu/wp-content/uploads/2021/06/Brammerrtz-.-ICTY-Mladic.mov

Et gehéiert da mëttlerweil och zum gudden Toun, Studentenheemer nom Radovan Karadžić ze benennen, oder wéi am Fall vum Ratko Mladic, ee Krichsverbriecher zum President vun der Organisatioun vun de Veteranen ze ernennen. Wéi sollen do déi kommend Generatiounen, vun deenen d‘EU erwaart datt si sech den europäesche Wäerter unhuelen, mat der Geschicht ëmgoen?

Interessant och d‘Remark vum ICTY-Procureur: „Fir islamesch Terroriste gëtt et Programmer zur Deradikalisatioun, fir Pedophiller huet et Therapien, a fir Krichsverbriecher gëtt et näischt“. Dat huet Folgen, déi Leit sech selwer ze iwwerloossen. An der Haft behuelen si sech héich anstänneg an erfëllen all Kritäre fir zäiteg fräi ze kommen. Emol doheem gëtt d‘Ideologie zackeg weidergefouert.

mat indymedia/ams

Illustratioun: © ICTY

Related topics ICTY, Liewenslänglech, Metzler vum Balkan, Ratko Mladic, UN-Krichsverbriechertribunal
Next post Previous post