Search

You may also like

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech
Neiegkeeten

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten
Neiegkeeten

Hong Kong: Einstweileg Verfügung géint d‘Demonstranten

Um Dënschdegowend, nodeems de Fluchhafe vun Hong Kong schonn den

Méi Kameraen, méi Sécherheet?
Neiegkeeten

Méi Kameraen, méi Sécherheet?

Dëser Deeg si gläich zwou Petitioune fräi geschalt ginn, déi

Wéi konsuméiere mir Liewensmëttel?

DATer & PRO-SUD relancéieren hir Enquête zur Ermëttlung vun de Konsumgewunnechten

Wéi konsuméiere mir Liewensmëttel?

Am November 2020 hate gewësse politesch a wirtschaftlech Acteuren, nodeems der Südregioun vu Lëtzebuerg de Label „Minett UNESCO Biosphere“ zougestane gouf, an Zesummenaarbecht mam DATer sech virgeholl en Onlinesondage bei 10.000 Menage virzehuelen. D‘Leit sollten hinnen dann erziele wéi eng Liewensmëttel si aus lokaler/regionaler Produktioun konsuméieren.

An dësem Kontext sollte Menagen – natierlech am strikte Respekt vum Dateschutz – ausgewielt ginn an ee Bréif mat engem Zougangscode fir de Questionnaire zougeschéckt kréien. Natierlech gouf dëse Bréif nëmmen an de Landessprooche franséisch an däitsch erfaasst. Dat ass leider dem Fait geschëlt datt de Partner LISER, just den Numm hir eng Lëtzebuerger Institutioun ass.

Mat alle dëse klenge Spezifizitéite war zumindest vu virera séchergestallt, datt dëst Experiment net konnt opgoen. Vun den 10.000 Bréiwer sinn – esou den offizielle Wuertlaut – 10% net um direkte Wee an der Dreckskëscht gelant, an aus engem ganz onerkläerleche Grond, sinn dem LISER elo ronn 1.000 Äntwerten net representativ genuch. Bei der TNS-Ilres, kann een do nëmme staunen.

Si hunn de Zuch verpasst

Och muss een dierfen dovunner ausgoen, datt „déi Äntwerten“ déi dës iwwerwältegend Majoritéit vu Participanten eraginn hunn, den „Experten“ net gefall hunn. Gutt et besteet jo keng Flicht esou Froen der Wourecht entspriechend ze beäntwerten. Mee elo ass et de Wonsch vun de staatlechen a kommunalen Autoritéite, ze wësse wat d‘Leit esou am Teller hunn, a vu wou dat hir kënnt.

Interessanterweis – an dat muss beim LISER passéiert sinn, déi jo d‘Äntwerte sollen auswäerten – gëtt elo bei der „Relance“ wäert drop geluecht, datt och d‘Sprooche lëtzebuergesch a portugisesch an de Questionnaire agefloss sinn. Offiziell, fir méi Leit ze motivéieren um Sondage deel ze huelen. Et ginn also bis Enn Februar nach emol Bréiwer verschéckt. Bei der Post huet een dat begréisst.

D‘Organisateure vum Sondage, also de Gemengesyndikat PRO-SUD an DATer wëllen awer déi Informatiounen onbedéngt bis zum Summer virleien hunn. D‘Donnéeë missten allerdéngs „exakt“ sinn, wann een unhand dëse soll een Aktiounsplang ausschaffen, deen de Besoinen, déi vun de Bierger genannt ginn, kënnen an engem appropriéierte Mooss ëm- an duerchgesat ginn.

Illustratioun: Wou kommen äert Uebst a Geméis hir? Aus Lëtzebuerg, der Groussregioun… oder kuckt dir just op de Präis, an d‘Hierkonft ass iech éischter egal? © Peter Wendt / unsplash

Related topics Biosphär, DATER, Liewensmëttel, LISER, PRO-SUD, Sondage
Next post Previous post