Search

You may also like

Géint almoudesch Stereotyppen: Am Optrag vun der Gläichstellung och bei Kanner
Neiegkeeten

Géint almoudesch Stereotyppen: Am Optrag vun der Gläichstellung och bei Kanner

E Meedche kënnt aus der Schoul, kräischt sech d’Aen aus

Dem Kim Jong-un seng nei Spillsaach
Neiegkeeten

Dem Kim Jong-un seng nei Spillsaach

Laut de „Kolleege“ vun der staatlecher Noriichtenagence KCNA, huet Nordkorea

De Chômage zu Lëtzebuerg geet zréck
Neiegkeeten

De Chômage zu Lëtzebuerg geet zréck

De Wuesstem aus wirtschaftlecher Siicht dréit, wann ee sech d’Zuele

Liewensmëttelallergië bei Kanner: Wéi sollen Betreiungsstrukturen domat ëmgoen?

Liewensmëttelallergië bei Kanner: Wéi sollen Betreiungsstrukturen domat ëmgoen?

Liewensmëttelallergië sinn net grad seelen, et gëllt virsiichteg ze sinn. Am schlëmmste Fall kann eng allergesch Reaktioun zum Doud féieren. Hautdesdaags sinn ëmmer méi Eltere beruffstäteg a soumat op friem Strukturen ugewisen, déi sech ëm d‘Kanner këmmeren. Besonnesch do ass et wichteg, datt d‘Allergië bekannt sinn.

Nieft der Hausaufgabenhëllef gëtt nämlech och dofir gesuergt, datt Moolzechten op den Dësch kommen. D‘Zuel vun de Kanner, oder besser gesot vun den Elteren, déi op dës Déngschter zeréckgräifen, hëlt ëmmer méi zou.

Fir een uerdentlechen Austausch tëscht de Fachleit aus den ënnerschiddleche Beräicher an zemools fir d‘Bedierfnesser vu Kanner mat enger Liewensmëttelallergie ze fërderen, huet d‘Kommissioun fir Qualitéit, Bedruch an Liewensmëttelsécherheet vun der Rentrée profitéiert an eng Konferenz zu dësem Thema organiséiert.

Ronn 300 Participanten hunn un dëser Konferenz, déi den 8. Oktober stattfonnt huet, deelgeholl. Ënnert hinne ware Käch, Pedagogen, Dokteren a Leeder vu sougenannte Maison Relaisen. Si hunn de Moment genotzt fir sech beschtméiglechst vun Experten informéieren ze loossen. Dobäi gouf iwwert medezinesch an ernierungsphysiologesch Aspekter beim Kand geschwat. Tatsächlech war d‘Konferenz mat hiren Tipps erfollegräich, de Feedback vun de Participante seet näischt aneschter.

De Moment, wou d‘Kanner esou een Déngscht besichen, läit et an hirer Verantwortung, dëse gesond Iessen unzebidden an op eventuell Allergien Uecht ze ginn. Nëmme mat den néidege Kenntnesser kann eng sécher Moolzecht garantéiert ginn.

Aus dësem Grond gouf och ufanks vum Joer vun der FEDAS (Federatioun vun den Acteure vum soziale Secteur) ee Guide erausbruecht, an deem et ënnert anerem ëm den Ëmgang mat Nierungsmëttelallergien sou wéi ëm eng uerdentlech Hygiènespraxis geet. Dobäi ass dëse selbstverständlech gratis un all Strukture verdeelt ginn.

Et ass och méiglech de léierräiche Guide hei erofzelueden.

Related topics Allergie, Betreiungsstrukturen, Guide, Konferenz, Liewensmëttelallergie, Moolzecht
Next post Previous post