Search

You may also like

Aarbechten am Tunnel Markusbierg un dësem Sonndeg (17.05.2020)
Neiegkeeten

Aarbechten am Tunnel Markusbierg un dësem Sonndeg (17.05.2020)

D’Stroossebauverwaltung wäert e Sonndeg, de 17. Mee 2020 vun 10:00

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?
Neiegkeeten

Feelt et um politesche Wëllen fir den Aarmut zu Lëtzebuerg ze bekämpfen?

Bei déi Lénk ass de Sujet „Aarmutsbekämpfung“ deel vum Programm.

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen
Neiegkeeten

D‘CGFP an den OGBL sinn sech eens: d‘Regierung muss hir Verspriechen halen

Wéi sech am Hiecht 2014 d‘Gewerkschaften eestëmmeg géint eng Weiderféierung

Sécherheet op mengem Teller: Wat muss op der Etikett stoen?

Sécherheet op mengem Teller: Wat muss op der Etikett stoen?

Am Kader vun der Sensibiliséierungscampagne „Sécherheet op mengem Teller“ ass ab haut eng Serie un informative Videoen zu den Etiketten op den Iesswueren online. Heibäi ginn dem Konsument verschidde Beräicher vun der Liewensmëttelsécherheet op einfach Aart a Weis erkläert.

No der europäesch Reglementatioun mussen Iesswueren vun enger Serie un Informatioune (Zesummesetzung, Halbarkeetsdatum, Närwäert) begleet ginn.

Mat Hëllef vun der Video-Serie op securite-alimentaire.public.lu ginn ënnert anerem folgend Froe beäntwert:

  • Wat muss op enger Etikett stoen?
  • Wéi setzt sech d’Angab zu den Närstoffer zesummen?
  • Wéi mussen Zousazstoffer gekennzeechent ginn?

De Video ass op Lëtzebuergescher Sprooch, kann awer duerch en einfache Klick mat Franséischem, Däitschem oder Engleschem Ënnertitel begleet ginn. Et ass virgesinn, dass d’Serie duerch weider Filmer completéiert gëtt, déi Aspekter vun der Liewensmëttelketten opgräifen.

Related topics Etikett, Filmer, Halbarkeetsdatum, Informatiounen, Konsument, Liewensmëttelsécherheet, Närstoffer, Sécherheet op mengem Teller, Zesummesetzung
Next post Previous post