Search

You may also like

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister
Neiegkeeten

D‘CGFP fuerdert eng Entrevue mam Premierminister

Den Daachverband vun de Gewerkschafte vun der Fonction Publique (CGFP)

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag
Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag

Et ass de perfekten Ofschloss fir „Team Lëtzebuerg“ bei den

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour
Neiegkeeten

Opgepasst, et sinn nees Laangfanger um Tour

Et ass net grad déi beschten Zäit fir den handel

Gesond Ernierung beim Bëbee: Bräi oder Stéckelcher? Muert oder Apel?

Gesond Ernierung beim Bëbee: Bräi oder Stéckelcher? Muert oder Apel?

Déi nei Online-Broschüre “Gesunde Ernährung im ersten Lebensjahr” begleet d’Elteren an d’Bëbeeë bei der Aféierung vun Bäikascht.

Eltere vu klenge Kanner, déi mat der Bäikascht wëllen ufänken, sinn dacks veronséchert. Et ginn déi ënnerschiddlechst Meenungen iwwert de richtegen Zäitpunkt, de Choix vun de Moolzechten, d’Entwécklung vum Kand a villes méi. Fir eng gewësse Sécherheet ze bidden, huet d’Initiativ Liewensufank mat vill Léift an Erfarung zesumme mat “Bäikascht-Expert*innen” eng Broschüre zesummegestallt.

Si weist op 36 Säiten, op wat Elteren an dëser ganz besonnescher Phase oppasse sollen a gëtt Tippen, wéi dës Aufgab ganz entspaant gemeeschtert ka ginn. D’Broschüre gëtt nawell detailléiert op verschidden Aspekter an. An iwwersiichtlech ass se. Et gëtt se nëmmen digital a se kann op der Internetsäit vun der Initiativ Liewensufank erofgeluede ginn. D’Texter sinn op Däitsch – Franséisch hätt bestëmmt och vill Succès gehat.

De schrëftlechen Opbau ass perfekt, d’Eltere kréien alles verstänneg an einfach erkläert.

Wéi fänken ech un? A mat wat? Ass mäi Kand iwwerhaapt schonn dozou bereet? Wat kann ech him ginn? Wat ass geféierlech? Kann mäi Kand erstécken? Op wat muss ech oppassen? Ass d’Iessen genmanipuléiert?

Jo, et sinn tatsächlech vill Froen, ma d’Äntwerte sinn alleguerten an der Broschüre ze fannen. Si wäert verschiddenen Elteren d’Liewe vereinfachen an eng kleng Sécherheet ginn.

Ausserdeem gouf schonn déi 4. Ausgab mat aktuelle Richtlinnen, offiziellen Recommandatiounen an enger eegener Rezeptsammlung ergänzt. D’Auteur*innen zéie wëssenschaftlech Studien, souwéi laangjäreg Erfarunge vun de Stëll- a Laktatiounsberoderinne vun der Initiativ Liewensufank, Hiewanen a Mammen a Betruecht.

Apropos Bäikascht – d’Initiativ Liewensufank bitt am Dezember een Onlinecours zu dësem Thema un. Dat ass dach eng gutt Geleeënheet fir Froe lasszeginn, déi engem am Kapp ronderëmgëschteren. Wann Dir Interessi hutt, et sinn nach Plaze fräi.

Related topics éischt Liewensjoer, Froen an Äntwerten, gesond Ernierung, Initiativ Liewensufank, Kand, Online Cours, Online-Broschür, Rezeptsammlung, Richtlinnen
Next post Previous post