Life Expo 2021: Wou Kierperkonscht a Lifestyle verbonne ginn

Leschte Weekend huet an den Hale vun der LuxExpo The Box déi grouss Life Expo stattfonnt. Et sollt net déi typesch Tattoo Convention sinn, wéi ee se bis elo kannt huet. Och de Beräich Lifestyle huet hei seng Plaz fonnt an d‘Evenement op eng eenzegaarteg Aart a Weis ofgerënnt.

Bei der Life Expo krut een d‘Méiglechkeet sech vu Kapp bis Fouss „verwinnen“ ze loossen. Wärend national an international Tattoo-Kënschtler hire begeeschterte Clienten Tënt ënnert d‘Haut bruecht hunn, konnt de Visiteur sech och direkt d‘Zänn bleachen an d‘Hoer ewech-wuesse loossen.

Ënnert den iwwer 200 ugekënnegte Stänn konnt ee vun dësen an anere Schéinheetsprozeduren an -artikelen, iwwert Kleedung, Bijouen, Planzen an Dekoratioun, hin zu kulinaresche Spezialitéiten wierklech alles fannen. E spannend Konzept!

Ma, et goufen awer och e puer Kritikpunkte säitens den Aussteller an de Visiteuren. Dëscher a Still waren eng richteg Raritéit an esou waren d‘Aussteller bal gezwongen, een dem aneren seng Stécker ze klauen, wann dës en Ament net present waren.

Dobäi kënnt, datt et just eng Keess an der Entrée gouf, esou dräi Schlaangen zu enger zesummegelaf an laang Waardezäiten entstane sinn. Am viraus e Virverkaf ze huelen, huet soumat net wierklech en Zäiterspuernis mat sech bruecht. Un der Keess selwer gouf just Boergeld akzeptéiert, wat an Zäite vu Pandemie an techneschem Fortschrëtt onerklärlech erschéngt.

Ee mol an der Expo ukomm, hu sech d‘Visiteuren awer gutt amuséiert, an dat, och wa si ënnert der Nol e bësse gelidden hunn. Dofir konnt ee schliisslech och e Konschtwierk fir d‘Liewe mat Heem huelen. Besonnesch d‘After Work Party um Freideg Owend schéngt super gutt ukomm ze sinn. Tëscht de Foodtrucks, der Bar an dem DJ hu Visiteur an Exposant zesummen an de Weekend eragefeiert.

Dernières nouvelles