Search

You may also like

D‘HRS bezéie Stellung zu Anonymme Bréif (kommentéiert)
Kultur Neiegkeeten

D‘HRS bezéie Stellung zu Anonymme Bréif (kommentéiert)

Um haitege Freideg hunn d‘HRS (Robert Schumann Spideeler) sech zu

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – den Internationalen Dag vun de Kannerbicher

Ob de Reeboufësch, de Struwwelpéiter oder d’Geschichte vum Pippi Langstrumpf

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Wien sech u Kanner vergräift…

Den Uschlag op ee Concert zu Manchester, dee vum islamesche

Life Of Agony – Den 8. November an der Kulturfabrik!

Support: Doyle (USA) an Cosmogon (LU)

Life Of Agony – Den 8. November an der Kulturfabrik!

Den Owend vum 8. November gëtt nees haart, wëll an kräfteg. Mat Life Of Agony bréngt d’Escher Kulturfabrik eng US-amerikanesch Metal-Gréisst op Lëtzebuerg. No Joerzéngt am Showgeschäft, Alben an onbeschreifleche Concerte kann een dëse 4 Rocker näischt méi vir maachen!

An den 90er Joren ass d’Band Life Of Agony mat engem eenzegaartege Metal- Sound aus der New Yorker Musekszeen entstanen. Am bekanntste sinn d’Museker fir hire Metal/Crossover Debut River Runs Red, de vum Rolling Stone Magasinn als ee vun den „100 beschte Metal Alben aus allen Zäiten“ ernannt ginn.

Säit iwwer zwee Joerzéngten tourt d’Band duerch déi ganz Welt. Zesumme mat grousse Legende wéi Metallica, Black Sabbath, dem Ozzy Osbourne, de Foo Fighters an The Red Hot Chili Peppers duerften d’Museker sech schonn d’Bühn deelen. No hiren zwee Alben Ugly (1995) an Soul Searching Sun (1997) konnt schliisslech de Vertrag bei Sony/Epic Records ënnerschriwwe ginn, wouduerch et 2005, zesumme mam Produzent Greg Fidelman (Slipknot, Metallica) zum neien Disk Broken Valley komm ass.

Life Of Agony

© Gino Depinto

Am Joer 2017 konnt Life Of Agony mam fënnefte Stuio-Album A Place Where There’s No More Pain ee weideren Erfolleg verbuchen. Kuerz drop, am Januar 2018 huet de Grupp schliisslech een neien Drummer begréisst. Mam Veronica Bellino sëtzt hei emol eng Kéier eng Fra hannert der Tromm!

Mat hirer extrem erfollegräicher Tour duerch d’USA an Europa am leschte Joer, diversen ausverkaaften Halen, Optrëtter an der Heemecht, sou wéi als Headliner vum Festival The Sound of Revolution zu Eindhoven, hätt et dëse Museker net besser kënnen ergoen. Op dat freedegt Laache kommen nach emol iwwer eng Millioun verkaaften Alben drop. A vläicht spillen si un dësem Concert zu Lëtzebuerg jo schonn dat eent oder anert Lidd vum neien Album The Sound Of Scars, deen eréischt viru kuerzem erauskomm ass.

Do muss ech hin!

Um Freideg, den 8. November 2019 spill Life Of Agony, zesumme mat Doyle a Cosmogon zu Esch an der Kulturfabrik. Ticketen ginn et fir 28 € am Virverkaf, respektiv 32 € un der Oweskeess. Bestelle kann een iwwert www.ticket-regional.de a www.kulturfabrik.lu. Mir wënsche vill Spaass!

Opmaacherbild: © Al Bello

Related topics Concert, Cosmogon, Doyle, Kulturfabrik, Life Of Agony, Metal, Rock
Next post Previous post