Search

You may also like

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !
International Neiegkeeten

Déi al Haaptpost an der Stad gehéiert der Ëffentlechkeet !

Nodeems dat fréiert Haaptpost-Gebai an der Stad Lëtzebuerg während iwwert

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021
International Neiegkeeten

Family Day am Trifolion um 16. Mee 2021

Den Trifolion zu Iechternach invitéiert de 16. Mee op säi

Italien féiert Chrëschtdag am Hausarrest
International Neiegkeeten

Italien féiert Chrëschtdag am Hausarrest

An der Nuecht op en Donneschdeg huet d‘Regierung mam Ministerpresident

Ligen hu „kuerz“ Been

Ligen hu „kuerz“ Been

An Éisträich gëtt dem Bundeskanzler Kurz zum Virworf gemaach, virun der Enquêtëkommissioun falsch Aussoe gemaach ze hunn. De Procureur ermëttelt, de Concernéierte bestreit – dat ass an der Politik aus Grënn esou üblech – d‘Uschëllegungen.

Bei dëser „Affär“ geet ëm – och dat ass an der Politik esou üblech – Gefällegkeeten an d‘Vergab vu Posten un Parteifrënn. E bëssi esou, wéi ee verdéngte Parlamentarier/Minister zu Lëtzebuerg mat de beschten disponibele Verwaltungsrotsposte versuergt. Wouriwwer zu Lëtzebuerg beschtefalls de Spunnes gemaach gëtt, kann an Éisträich, ausser dem Sympathesche Sebastian Kurz, kee laachen.

Elo besteet awer weder ee Grond zur Panik nach muss ee sech op ee politesche Putsch am Alpeland astellen. Et ass net wëll de Procureur ermëttelt, datt de Kanzler vun Éisträich misst zerécktrieden, an d‘Staatsanwaltschaft wäert och wierklech nëmmen da Klo areechen, wann et handfest Beweiser dofir huet, dat de Sebastian Kurz am Kontext vun Ustellung vum Parteikolleg sollt gelunn hunn.

Den éisträichesche Kanzler gesäit dat Ganzt souwisou zimmlech labber, ass wuel iwwerzeegt dat esou Niewesächlechkeete keng Konsequenzen hunn a presentéiert sech am Staatssender ORF gewinnt selbstbewosst. Do sot de Mann gëschter Owend: „Nee, ech wäert selbstverständlech net zerécktrieden, nëmme wëll et eng Plainte gëtt“. An nach gëllt jo och gei d‘Onscholdsvermuddung.

Richteg, ee Bundeskanzler – wann och nëmmen deen aus Éisträich – deen ënner Uklo steet, dat huet et esou, also konsequenzfräi, bis ewell nëmmen an Israel ginn. Mee an der Europäescher Unioun si moralesch Standarden, wou d‘EU-Kommissioun net emol demokratesch gewielt ass, an d‘Affekote vun Industrie a Wirtschaft d‘Marschrichtung virginn, kenn Aktualitéitssujet. Ass dann alles gutt?

Zu Zäite wou politesch Acteuren hiert Mandat net als „Job“ verstanen hunn, d‘Enveloppen nach ënnert dem Dësch d‘Hänn gewiesselt hunn, do wier een als Member vun enger Regierung bei enger Uklo zeréckgetrueden. Mindestens wier d‘Mandat temporär ausgesat ginn. Dat war „deemools“ an haut ass zwar näischt anescht, et huet sech just den Ëmgang mat Knaschtereie verännert.

mat indymedia/vie

Foto: Dat mat de „kuerze Been“ mécht zuweile gewësse Matbewunner hellhéiereg © Erda Estremera / unsplash

Related topics Bundeskanzler, Éisträich, FPÖ, Gefällegkeeten, Procureur, Récktrëtt, Sebastian Kurz, Uklo, Wien
Next post Previous post