Search

You may also like

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
Neiegkeeten Sport

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur
Neiegkeeten Sport

Méi Geld fir den hongeregen Tourismussecteur

Um Donneschdeg huet d‘Staatssekretärin fir Wirtschaft, d’Francine Closener (LSAP), de

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!
Neiegkeeten Sport

Zesumme géint Kanneraarbecht: Séiss ënnerwee mat Fairtrade!

Sponsored Story – Och Schockela huet eng batter Säit: D’Kanneraarbecht

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion

D‘Iddi vun engem Liichtathletik-Stadion zu Déifferdeng ass net nei, mee wéi heescht schéngt si elo kompromettéiert. Geplangt war dës Sportsinfrastruktur hannert der Schoul Woiwer an et huet tëscht de Gemenge vum Kuerdall, also Péiteng, Suessem, Käerjeng an Déifferdeng, eppes wéi e politesche Konsens ginn. Esouguer déi zoustänneg Ministèren hätten hei keen Awand gehat, heescht et.

An och vun engem Budget ass rieds. Deen hätt sech op 15 Milliounen Euro bezunn, deen zu 70% vum Staat gedroe gi wier. Déi restlech 30% hätten sech dann déi véier bedeelegt Gemenge missen opdeelen. De fréiere Buergermeeschter Roberto Traversini, war zudeem och dem Projet wuel besonnen, mee deen ass bekanntlech iwwert den eegene Chantier „Gaardenhaischen“ gefall ginn.

Seng Nofolgerin, Christiane Brassel-Rausch, huet sech nach net zum Projet geäussert, firwat se bei der LSAP, déi d‘Iddi sengerzäit lancéiert hat, eppes besuergt sinn. Déi nei Buergermeeschtesch wëll sech emol selwer mam Dossier ausenanersetzen. Fir dat net op déi laang Bänk ze leeën, huet si sech eng Rei Entrevue mat deenen anere Gemenge fir de Januar virgeholl. Dat ass jo och verständlech.

Manner verständlech ass de Fait, datt dës Entrevuen och zum Zweck hunn erauszefannen, op dann Déifferdeng als Standuert fir den neie Liichtathletik-Stadion déi besser an eenzeg Léisung ass. Fir d‘Buergermeeschtesch geet awer net drëms de Projet ze begruewen. Deen ass am Koalitiounsaccord enthalen an et ass onvirstellbar, datt Christiane Brassel-Rausch sech net un dësen hale wéilt.

Richteg ass dogéint, datt de Projet vun engem Liichtathletik-Stadion zu Déifferdeng schonn zanter Joren en Diskussiounspunkt ass. Do sollt een dann awer schonn der Buergermeeschtesch d‘Chance ginn sech mam Dossier an senge Spezifizitéiten ausenanerzesetzen. Dat gesäit d‘Oppositioun an der Gemeng a besonnesch d‘LSAP eppes méi differenzéiert. Dat huet awer och politesch Hannergrënn.

De LSAP-Conseiller Erny Muller huet esou bei engem Rendez-vous mat de Medie senger ganzer Enttäuschung fräie Laf gelooss, an nach emol andrénglech drop higewisen, datt Déifferdeng emol de Label „Europäesch Sportstad“ kritt huet, well et dëse Projet gouf. Woubäi een esou eppes net un engem Label sollt festmaachen. Et sinn d‘Veräiner déi de Stadion brauchen an dat scho méi laang.

Illustratioun: Pixabay

Related topics Christian Brassel-Rausch, déi gréng, Déifferdeng, Erny Muller, Liichtathletik, LSAP, Stadion, Woiwer
Next post Previous post