Plenarversammlung vun der Landwirtschaftskummer
Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech
Zesumme mam Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech
Dräi Méint no der Ermordung vum George Floyd zu Minneapolis
Mee fänke mir emol beim Ufank un. Dee soll nämlech beim sougenannten „Imbolg“, engem keltesche Fest, dat vum 1. op den 2. Februar gefeiert gouf, zeréckgoen. Zu Éieren vun der Gëttin Brigid – hiren Numm heescht iwwersat esou vill wéi „dat Hellt“ oder „dat Strahlend“ – sinn d’Mënsche mat Fakelen duerch d’Felder gezunn, an hunn ëm Fruchtbarkeet gebiet an op eng gutt Recolte gehofft. Zousätzlech sollt domat och d’Enn vum Wanter gefeiert ginn.
Gi mir also elo e bësse virun an der Zäit, an zwar 40 Deeg no der Gebuert Jesu. Seng Mamm d’Maria soll hire Puppelchen um 2. Februar am Tempel presentéiert hunn. Fir eis bedeit dat, dass d’Chrëschtdagszäit eriwwer ass. Huet een de Chrëschtbeemchen an d’Krëppchen net fir Dräikinneksdag ofgeriicht, esou mécht een dat op Mariä Liichtmëss.
Ëm d’Joer 650 soll dunn zu Roum, opgrond vu verschidde Seechen, Volleksbräich a Bauerereegelen den 2. Februar zum Feierdag erkläert gi sinn. Am 11. Joerhonnert koum nach d’Käerzeseenung dobäi, wou d’Käerze fir e ganzt Joer vu Famillen, oder och fir Mäert geseent gi sinn.
Déi wuel bekanntste Geschicht geet awer op den Hellege Blasius zeréck. Hie war ee vun de sougenannte „14 Nothelfern“, war wéinst senger Gutthäerzegkeet immens beléift beim Vollek. Vill ass net iwwert hie bekannt, mee e soll tëscht dem 3. a 4. Joerhonnert, also zur Zäit vun der Chrëschteverfolgung, gelieft hunn.
Enger Erzielung no soll hien an e Kerker agespaart gi sinn. A sengen donkelste Stonnen huet eng Fra him Iessen a Luucht bruecht. Dëse klenge Liichtbléck huet hien trotzdeem net virun der grausamer Folter verschount. Schlussendlech ass hie gekäppt ginn. An der Konscht gëtt den Hellege Blasius oft mat Käerze presentéiert. Et gëtt verzielt, dass hie virun allem Béisen, a virun allem virun Halskrankheete schütze soll – dat wier jo aktuell net esou schlecht.
Fréier war et e Bengel, mat enger Wick ronderëm gewéckelt, mat deem d’Kanner duerch d’Stroosse gezu sinn. Aus Sécherheetsgrënn gëtt mëttlerweil e Lampion mat elektresche Biere genotzt. Bei hirem Tour sangen déi Kleng „Léiwer Härgottsblieschen“, froen domat no „Speck an Ierbessen“. An de Grapp gedréckt kréien si Séissegkeeten an/oder Suen, déi uschléissend esou opgedeelt ginn, dass all Kand eng Tiitche mat Heem ka kréien.
Eng éischte Kéier ass den traditionelle Liichtmëssdag mat sozialer Distanz an dem Vermeide vu Rassemblementer verbonnen, wat d’Situatioun fir Kanner an Elteren net grad méi einfach mécht. Ganz op dat faarwegt Fest verzichten, muss een awer net!
An der Gemeng Schengen ass et beispillsweis esou, dass d’Kanner hire Lampion, dee si an der Schoul gebastelt hunn, fir 19:00 Auer virun d’Hausdier stelle sollen. Eltere kënnen uschléissend eng Foto un communicatin@schengen.lu schécken, fir dass e Collage entstoe kann. All Kand, dat deelhëlt, kritt als Belounung e Kaddo, deen an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Grupp erstallt gëtt.
Zu Stroossen ass et esou, dass d’Kanner sech ëm 18 Auer mam Liichtebengelche virun d’Hausdier stellen a sangen. Op der Säit vun der Elterevereenegung dierf ganz gären e Video eropluede ginn. All Kand aus der Gemeng kritt eng kleng Schneekegkeet. Wien e Video eraschéckt, dee kritt d’Chance op eng vu 5 Nascheltuten. D’Gewënner ginn den 9. Februar publizéiert.
De Jugendservice vun der Gemeng Munneref huet sech dofir agesat, dass de Liichtmëssdag esou authentesch, wéi et aktuell méiglech ass, kann organiséiert ginn. Op Umeldung kruten d’Elteren eng Zäit zougedeelt, un där si hir Kanner an den Haff vun der Jugendstuff brénge kënnen. Do dierfen si mam Lampion a klenge Gruppe sangen a sech uschléissend un enger Iwwerraschung erfreeën.
Wärend zu Nidderaanwen recommandéiert gëtt, dass d’Kanner just mat hire Geschwëster oder am ganz klenge Grupp mat Mask liichte goe sollen, hunn zuelräich Gemenge just op déi sanitär Moossnamen higewisen, respektiv sech guer net geäussert.
Sief et wéi et ass, d’Freed um Liichte sollt ee sech net verdierwe loossen. Doheem mam eegene Butz Zäit ze verbréngen an e kreative Lampion ze bastelen, kënnt ëmmer gutt un, an dat kann och keng Pandemie-bedéngt Aschränkung ënnerbannen. An dësem Kader wënsche mir vill Spaass um Liichtmëssdag!
Opmaacherbild: © LuxembourgLU