Editorial: Se sinn net vun dëser Welt
Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae
Datt sech déi eeler Hären am Vatikan net virun d‘Kamerae
Bei der Renconter vum SC Beetebuerg géint den AS Wëntger
Sou Chrëschtdag hu mer hannert eis, d‘Famill war do an
Siwen europäesch Partnerlänner (Holland, Ungarn, Spuenien, Dänemark, Slowenien, Italien a Lëtzebuerg) hu sech zesummegedoen, fir op d’Problemer an déi onerwaart Folge vun der Liichtverschmotzung opmierksam ze maachen. Ma, an dësem Kader huet den Naturpark Our, mat Ënnerstëtzung vum Ministère fir Energie a Raumplanung, e regionale Berodungsbüro gegrënnt. Zënter Oktober 2019 kann een hei op den hauseegene Expert treffen a sech méi genee informéieren.
„Mäin Optrag ass eigentlech dräifach“, sou de Beliichtungsspezialist. „Ech hëllefe souwuel den 8 Gemenge vum Naturpark Our, fir hir ëffentlech Beliichtung, sou wéi déi vun de Gebaier ze verbesseren, wéi och allen an der Regioun presenten Entreprisen, fir Léisungen ze fannen, déi dorobber ofzielen, d’Liichtemissiounen sou wéi de Stroumverbrauch ze reduzéieren.“
Dobäi komme Konferenzen a Formatioune fir op de Problem opmierksam ze maachen, ze weise wéi et zur Liichtverschmotzung kënnt a wéi een aktiv dogéint virgoe kann.
An de leschten 10 Joren ass de Präis fir Liicht erofgaangen, wärend gläichzäiteg d’Méiglechkeeten an d’Luucht gaange sinn. Elo gëllt et, der Inflatioun vum kënschtleche Liicht entgéint ze wierken, wat schonn duerch einfach Schrëtt geschéie kann.
Hält eng Beliichtung am Gaart den Déif wierklech dovunner of, an d’Haus anzebriechen? Nee, an och mir selwer profitéieren an der Nuecht net dovunner, wa mir den Terrain dobausse beliicht hunn. E weideren Tipp ass et, d’Luuchte vun uewen no ënnen op de Buedem auszeriichten a se net ze héich opzehänken.
Am beschte Fall entscheet ee sech fir e waarme giele Faarftoun bei der Luucht. Dës Decisioun wierkt sech net nëmme positiv op eis, d’Insekten an d’Villercher aus, déi esou manner an der Nuecht gestéiert ginn. Mat Beweegungsmelderen oder Zäitschaltaueren gëtt d’Quantitéit u kënschtlecher Luucht reduzéiert an och d’Nopere kënne roueg schlofen.
De Katalog mat nëtzlechen Informatiounen an enger Checklist fannt Dir HEI a Form vun engem PDF. Bei weidere Froe kann ee sech gären per Mail u lichtberatung@naturpark.lu riichten.
Opmaacherbild: © Pol Bourkel