Search

You may also like

De Stuerm op d‘Kapitol ass seng Folgen
Neiegkeeten

De Stuerm op d‘Kapitol ass seng Folgen

An Amerika huet de fréiere President Donald Trump, géint d‘Erausgab

CinEast 2020: Wat gëtt ugebueden?
Neiegkeeten

CinEast 2020: Wat gëtt ugebueden?

Vum 8. bis de 25. Oktober 2020 stellt de CinEast

dislikesurprise
Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?
Neiegkeeten

Editorial: Ass et nach zäitgeméiss hautdesdaags en Eefamilljenhaus ze bauen?

Eppes Polemik um Méindegmuere ka net schueden an esou ass

D‘Odile Linden erhält den Europäesche Biergerpräis 2018

Europäescht Engagement lount sech

D‘Odile Linden erhält den Europäesche Biergerpräis 2018

D‘Odile Linden, fréier Enseignante aus dem Lycée Aline Mayrisch, huet sech onermiddlech fir e bessert Verständnis vun der europäescher Politik, an d‘Zesummenaarbecht tëscht de Memberlänner an de Lëtzebuerger Schoulen an doriwwer eraus agesat.

Als Coordinatrice vum „Model Europen Paliament“ (MEP) huet d‘Odile Linden net nëmme Studenten an europäescher Politik forméiert, mee huet dësen och erméiglecht, en esouwuel theoretescht wéi praktescht Verständnis vun der EU ze erhalen. Dat ganzt iwwert spezifesch Programmer, vu Formatiounen an der Bedeelegung un de Reunioune vun EU-Deputéierten innerhalb der europäescher Unioun.

D‘Studenten ze encouragéieren an hir Kapassitéiten ze gleewen, eng besser Welt ze schafen, an deem anere Kulture begéint gëtt, iwwert hir Problemer ze diskutéieren a Viruerteeler ofzebauen, esou huet d‘Odile Linden d‘Prioritéite festgeluecht. Si ass vun den EU-Deputéierte Mady Delvaux, a Claude Turmes – no positivem Avis vun de lëtzebuergeschen a europäesche Juryen – virgeschloe ginn, a vum Europaparlament mam Europäesche Biergerpräis 2018 ausgezeechent ginn.

Foto: Den Europäesche Biergerpräis gëtt all Joe u Projeten an Initiative verginn, déi der europäescher Zesummenaarbecht an der Promotioun vu gemeinsame Wäerter erliichtert. Nodeems d‘Laureaten an hire respektive Länner ausgezeechent gi sinn, treffen se sech zu Bréissel zur grousser Präisiwwerreechung. © European Parliament

Matgedeelt vum Liaisounsbüro vum Europaparlament zu Lëtzebuerg

Iwwersetzung: Laure Schlesser

Related topics Claude Turmes, Europäesche Biergerpräis, Europaparlament, Mady Delvaux, Odile Linden
Next post Previous post