Déi éischt Regierungsrotsëtzung – wat koum eraus?
Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert
Gëschter war déi éischt Sëtzung vun der neier Regierung ënnert
D’Fondation Servais wäert och an dësem Joer nees säi beléifte
Um Méindeg war et e schéinen Dag fir d‘Gastronomen a
De Sänger vun der Metall-Band „Linkin Park“, Chester bennington huet Selbstmord duerch erhänke begaangen. Dat bestätegt um Freideg e Spriecher vum rechtsmedzineschen Institut zu Los Angeles. Et war beim him doheem zu Palos Verdes Estates, am Süd-Oste vu Los Angeles.
Um Donneschdeg war den Chester entdeckt ginn, opgehaange mam Boxe-Rimm un der Dier vu senger Kummer. Eng hallef eidel Fläsch Alkohol war nach an der Kummer vum Sänger, dee keen Abschidsbréif hannerlooss huet. Obwuel de Suicide bestätegt ass, gëtt awer nach an den nächsten Deeg eng Autopsie duerchgefouert.
Dem Chester Bennington säin Doud fält op de Gebuertsdag vu sengem grousse Frënd Chris Cornell. D’Séil vun der Grunge-Band „Sound Garden“, dee sech och am Mee, no engem Concert zu Detroit erhaangen hat.
Beim Begriefnis hat de Leader vu Linkin Park, dee mam Cornell eng Tournée gemaach hat, vir hien dem Leonard Cohen säi Lidd „Alleluja“ gesongen. „Deng Stëmm war Freed, Péng, Roserei, Pardon, a Léift“, esou den Chester an engem oppene Bréif un säi Frënd. „Ech huelen un et ass wat mer all sinn“ esou de Sänger weider „Du hues mer gehollef dat ze verstoen“.
Nom bekannt gi vum Doud vum Chester Bennington ass eng Petitioun gestart ginn. D’Stad vu Santa Monica gëtt heiranner opgefuerdert de Lincoln Park nei ze benennen. Dëse Park deen de Numm vum Grupp Linkin Park beaflosst huet. Schonn um Freidegowend hat d’Petitioun eng ronn 5.000 Ënnerschrëften zesummekritt.
D’Hommagen un de Sänger hunn, säit den Doud ëffentlech gemaach ginn ass, zougeholl. Esou hunn d’Membere vu senger fréierer Band „Stone Temple Pilots“, wou den Chester kuerzzäiteg Sänger war, matgedeelt: „Du hues ons onermiddlech gewise wat et ass en onbeschreifleche Mënsch ze sinn“.
mat AFP
Foto: Burbank (Kalifornien) am leschte Mee. Linkin Park war opgetruede fir den neien Album am iHeartradio Theater zu Los Angeles virzestellen. Hien huet sech am Alter vun 41 Joer, den 20 Juli d’Liewe geholl. (© Rich Fury/Getty Images/AFP)