Besuergneserreegend Vermësstemeldung: D‘Liridona Bulaku gëtt gesicht

D‘Police sicht aktuell déi 28 järeg Liridona Bulaku. Nodeems déi jonk Fra fir d‘lescht um Samschdeg Moien tëscht 8 an 8:45 Auer zu Dikrech un hirer Wunnadress gesi gouf, ass si verschwonnen.

Duerch hire gesondheetlechen Zoustand huet d‘Police des Vermësstemeldung als besuergneserreegend agestuuft. Beschriwwe gëtt si als 1,53 Meter grouss Fra mat normaler Statur, donkelbrongen Aen an donkelbronge laangen Hoer.

Um Dag vun hirem Verschwannen hat si eng Joggingsbox, e groe Sweatshirt a schwaarz Schong bis zu den Enkelen un.

Wien déi vermësste Fra gesinn oder Hiweiser huet, soll sech bei der Police Dikrech/Veianen per Telefon (224 80 1000) oder iwwert den 113 mellen.

Dernières nouvelles