Search

You may also like

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer
Kultur Neiegkeeten

Chantier LuxTram: déi häertste 24 Méint kommen op eis duer

Wéi d‘Buergermeeschtesch Lydie Polfer (DP) leschte Mëttwoch iwwert déi weider

money
Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten
Kultur Neiegkeeten

Munneref: den Treff vun de Numismatiker a Philatelisten

Am Casino 2000 zu Munneref war ee Sonndeg nees de

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill
Kultur Neiegkeeten

„100 Dinge“ – d’Gléck braucht net vill

Ufank Dezember ass d’Komedie „100 Dinge“ vum a mam Florian

Kulturfabrik: Literaresch Soiréeën mat Word in Progress an der CNL Liesrees

Kulturfabrik: Literaresch Soiréeën mat Word in Progress an der CNL Liesrees

Dëst geet un all Bicherwiem, Geschichte-Begeeschterter an Kultur-Interesséierter dobaussen, déi d’Diversitéit vun der Literatur spiere wëllen. D’Kulturfabrik huet dräi Evenementer unzebidden, déi den Honger no Kultur stëllen kéinten.

Word in Progress (DE, LU)
Den 11. Mee 2021 um 20:00 Auer

D’Konzept vun de Word in Progress-Owenter kënnt aus Paräis a versprécht frësche Wand an der Zeen vun der Liesbühn: Een Auteur / eng Auteurin, verëffentlecht oder net, liest wärend 10 Minutten dem Publikum aus sengem Wierk vir. Duerno gëtt Kritik um Text geäussert an de Gaascht stellt sech de Froe vum Publikum.

Fir d’Säit hannert dem Buch ass dëst en Test, ob d’Lieserschaft d’Qualitéit vum Wierk bestätegt, mee och d’Méiglechkeet, ob Kritik anzegoen an en Bléck vu Baussen op seng Aarbecht ze kréien.

Um 11. Mee sinn de Romain Butti, d’Sascha Ley an de Patrick Védie invitéiert. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Literaresch Soiréeën

CNL LIESREES / Eng Liesung an 3 Sprooche mam Anja di Bartolomeo, Tom Reisen a Robert Schofield
De 14. Mee 2021 um 20:00 Auer

Den CNL a Kooperatioun mat der KUFA an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren luet an op Le trésor ambulant, eng Literaturliesung mam Anja Di Bartolomeo, Tom Reisen a Robert Schofield. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Literaresch Soiréeën

CNL LIESREES / Eng Liesung an 3 Sprooche mam Michel Clees, Tullio Forgiarini a Georges Kieffer
Den 3. Juni 2021 um 20:00 Auer

Den CNL a Kooperatioun mat der KUFA an der Federatioun vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren luet an op Le trésor ambulant, eng Literaturliesung mam Michel Clees, Tullio Forgiarini a Georges Kieffer. Musikalesch Begleedung: Georges Goerens, aka Bartleby Delicate, an Niels Engel, artistes en résidence an der Kulturfabrik. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Related topics Anja Di Bartolomeo, CNL Liesrees, Georges Kieffer, Kulturfabrik, Literaresch Soiréeën, Literatur, Michel Clees, Patrick Védie, Robert Schofield, Romain Butti, Sascha Ley, Tom Reisen, Tullio Forgiarini, Word In Progress
Next post Previous post