Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet de 14. Dezember um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.

Den däitschen Auteur Erhard Schmied liest aus sengen däitschsproochegen Héierbicher “Die kuriosen Fälle des Kommissar Rothmann” vir.

Den Auteur schreift nieft senge Bicher och Theaterstécker fir Kanner a Jugendlecher a gouf scho mat sou munchem Präis ausgezeechent.

De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.

Latest news
Related news