Literareschen Dënschdeg an der Stad

D‘Cité Bibliothéik an der Stad Lëtzebuerg luet de 24. Mee um 18:30 Auer op hire bekannte literareschen Dënschdeg an.

Den Auteur Tery Adams liest aus dem engleschsproochege Buch « Irish Prose and Poetry from the Duchy » vir. Fir de musekalesche Kader suergt den Terry O’Brien mat traditioneller irescher Musek.

D’Liesung fënnt am Auditorium Henri Back statt.

De literareschen Owend ass wéi gewinnt gratis, d’Reservatioun ass allerdéngs obligatoresch. Dës kann iwwer Telefon 4796 2732 oder Email bibliotheque@vdl.lu erfollegen. D‘Anhale vun de sanitäre Sécherheetsmoossnamen ass Flicht.

Dernières nouvelles