Search

You may also like

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert
Kultur Neiegkeeten

Cannabis: Eis franséisch Noperen sinn iwwert eis veriergert

Obwuel direkt hannert der Grenz – wéi eigentlech a granz

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“
Kultur Neiegkeeten

D’Walfer Bicherdeeg 2019: „D’Welt war stomm, bis ech geschriwwen hunn“

Wat ee kulturellen a literaresche Weekend! Mat Freed um Buch,

Normalitéit am saudesche Kinnekräich
Kultur Neiegkeeten

Normalitéit am saudesche Kinnekräich

Op den 1. Dezember 2020 huet Saudiarabien de Virsëtz un

LiteraTour 2020: Déi digital Rees an d’Welt vun de Bicher

Sonndes, de 26. Abrëll vu 17:00 bis 18:30 Auer

LiteraTour 2020: Déi digital Rees an d’Welt vun de Bicher

Normalerweis géif de Liesfestival LiteraTour jo schonn am Abrëll seng Dieren opmaachen, grouss a kleng Bicherfrënn op Beetebuerg zéien. An dësem Joer ass et allerdéngs net méiglech. Dobäi ass d’Geschichten erzielen, d’Kreativitéit deelen a sech op neie Weeër austauschen ze kënne grad elo, méi wichteg, wéi jeemools virdrun. Kee Grond traureg ze sinn: De LiteraTour kënnt via Livestream bei Iech Heem!

An der Sendung, déi op Däitsch a Lëtzebuergesch gehale gëtt, hëlt d’Moderatorin Christiane Kremer d’Gäscht hannert dem Bildschierm mat op eng Rees an d’Welt vun de Bicher. Wärend annerhallwer Stonn gëtt folgende Programm gebueden:

  • Fantastesch Bichertipps vum Literaturkritiker Denis Scheck: Hien ass ville Literaturinteresséierten als Moderator vum Bichermagazinn Druckfrisch bekannt, ee Format dat reegelméisseg um ARD presentéiert gëtt. Hie gëtt dobäi een exklusiven Abléck a seng Highlights vun der Saison an hëlleft eis, géint de Coronablues unzekämpfen.

  • D’Literaturzeen a Kreativitéit an Zäite vu Corona: D’Welt schéngt um Kapp ze stoen. Liesungen kënnen héchstens am digitale Raum stattfannen. Auteuren, Librairien an Editeure gi virun nei Erausfuerderunge gestalt. An dëser Sendung geet een dofir perséinlechen Andréck, Tendenzen an Aschätzungen no. Mat dobäi sinn:
    • De Claude D. Conter, Direkter vum nationale Literaturzenter zu Miersch (CNL);
    • De Guy Helminger, Schrëftsteller a Moderator, Servais-Präisdréier, lieft säit 1985 zu Köln;
    • D’Elise Schmit, Literaturkritikerin a Schrëftstellering, Servais-Präisdréierin;
    • De Romain Butti, huet am leschte Joer säin éischt Wierk verëffentlecht.

  • Musikalesch Intermezzi vum Fränz Hausemer: De Museker presentéiert säi Projet MinotaureDuNord: Songs from the Labyrinth. Zudeem wäert hie live Gittar spillen.

  • Matmaache gëllt! De Ris geet op d’Rees: Ass hien de bekanntsten Awunner vu Beetebuerg? De Ris schléift zënter datt mir denke kënnen am Mäerchepark. Am Kader vun Esch2022 start d’Gemeng Beetebuerg an de Parc Merveilleux den intergenerationelle Storytelling-Projet De Ris geet op d’Rees. Wat et domadder op sech huet erklären de Buergermeeschter Laurent Zeimet, de Comiczeechner Andy Genen, den Texter Lucien Czuga, sou wéi den Mäerchepark-Direkter Marc Neu. Eppes sief awer gewosst: De Ris wäert gläich erwächen.

  • Eng Bühn fir jonk Literatur: De LiteraTour an de Jugendliteraturpräis Prix Laurence gehéieren zesumme, wéi de Kachkéis zu Lëtzebuerg. Zil ass et jonke Stëmmen d’Méiglechkeet ze ginn hir Texter ze presentéieren, Kritik ze kréien an eng éischt Kéier ze verëffentlechen. De Jurypresident Pit Hoerold wäert iwwert all Neiegkeeten zu der dësjäreger Editioun informéieren an déi drockfësch Anthologie mat den Texter vun de Laureaten a Finaliste vum leschte Joer virstellen.
    Donieft gëtt de Literaturfërderer a Jurymember Jerôme Jaminet, zesumme mam neien Talent Antoine Puhu een Abléck an eng ganz besonnesch Geschicht.

LiteraTour

De Livestream gëtt iwwerdroen um YouTube-Kanal vun der Gemeng Beetebuerg, op der Facebook-Säit vun der Gemeng Beetebuerg, wéi och op www.literatour.lu.

Related topics Denis Scheck, Fränz Hausemer, Gemeng Beetebuerg, Jerôme Jaminet, Jugendliteraturpräis Prix Laurence, LiteraTour, Livestream, Mäerchepark, Marc Neu, Parc Merveilleux, Weltdag vum Buch an den Auteursrechter, Youtube
Next post Previous post