Search

You may also like

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen
International Neiegkeeten

D‘Palestinenser wëlle kee Friddensplang vun den USA unhuelen

„D‘Palestinenser wäerte kee Friddensplang dee vun den Amerikaner virgeluecht gëtt

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“
International Neiegkeeten

Korsika: Schéisserei op der „Île de Beauté“

Um Mëttwoch 30. Januar géint 16 Auer, ass et an

EU-Ausseminister beschléissen nei Sanktiounen
International Neiegkeeten

EU-Ausseminister beschléissen nei Sanktiounen

Portugal huet aktuell d‘EU-Presidence, an esou och d‘Sëtzung vun den

Mat der Literatur an Diktaturen ass et esou eng Saach

A Wäissrussland ass de PEN-Club radéiert ginn, Auteure kënne kaum nach Bicher publizéieren

Mat der Literatur an Diktaturen ass et esou eng Saach

Schrëftsteller hunn zuweilen ee kritesche Geescht, an genee dat ass d‘Munitioun déi Diktaturen zu Fall bréngt. Ganz Allgemeng ass eng kritesch Zivilgesellschaft den Autokrate geféierlech. D‘Folleg si Säuberungen, politesch Verfolgung. Den Alexander Lukaschenko ass keng Ausnam, hie bestätegt éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnamen.

Vum wäissrussesche Mënscherechtszenter „Viasna“ gëtt matgedeelt, datt iwwer 40 ONGen an der tëscht entweder verbueden oder zougemaach goufen. Dorënner humanitär a juristesch Initiativen, mee och de PEN-Club zu Minsk. Fir d‘Schrëftsteller am Land gëtt et esou quasi onméiglech nach Saachen ze publizéieren, zudeem ass schonn zu Perquisitiounen a Festname komm. Eng Zivilklo géint de PEN-Zenter gouf vun den Autoritéiten ugestrengt.

Wäissrussland

Et goufen d‘Raimlechkeeten duerchsicht, dat allerdéngs ouni datt ee vun de Memberen uwiesend gewiescht wier. Wien d‘Entwécklung vu Wäissrussland iwwer déi lescht Méint verfollegt huet, weess datt de Verband vun de Journaliste scho verbuede gouf. An de Regime huet gutt Grënn esou virzegoen: de PEN-Club sammelt zanter August zejoert Informatiounen a Beweiser zu den Exzesser a Mënscherechtsverstéiss géint déi Kulturschaffend.

Gutt, et ass och richteg, datt d‘Nobelpräisdréierin a Presidentin vum PEN-Club zu Minsk, Swetlana Alexijewitsch, den Diktatur d‘lescht Joer zum Récktrëtt opgefuerdert huet. Datt den einfache Mann – well näischt anescht ass den Alexander Lukaschenko – vun do aus drop schléisst, datt alles wat mat Wierder hantéiert zur Oppositioun gehéiert, verständlech. D‘Swetlana Alexijewitsch huet sech am September 2020 fir den Exil an Däitschland entscheet.

Wäissrussland

A Wäissrussland selwer sinn d‘Massendemonstratioune verschwonnen, mee et halen sech kleng Widderstandsnäschter. Déi vereenzelt an isoléiert Aktioune vun den Oppositionelle gi gefilmt an dokumentéiert, dann an de sozialen Netzwierker verbreet. De politesch Widderstand bleift esou zumindest am digitale Raum präsent. Zudeem sinn déi nei Technologie wichteg fir d‘Kooperatioun an d‘Kommunikatioun mam Widderstand am EU-Exil.

mat indymedia/mow

Annex:

Illustratioun: © Hanna Grace / unsplash

Related topics Alexander Lukaschenko, Minsk, PEN-Club, Repressioun, Schrëftsteller, Verbuet, Wäissrussland
Next post Previous post