Literatur(en) made in Luxembourg

E Mëttwoch, den 19. Januar 2022 um 19:30 Auer an der Kulturfabrik

Zanter 2010 ass et an der Kulturfabrik Traditioun, parallel zu den aneren Evenementer mat literareschem Charakter e Liesowend ganz am Zeeche vun der literarescher Textproduktioun made in Luxembourg ze organiséieren.

Dobäi liesen jeeweils eng hallef Dose verëffentlecht Schrëftsteller a Schrëftstellerinnen am grousse Sall vun der Kulturfabrik aus hire Wierker vir. Partner vum populären, méisproochegen Evenement ass wéi ëmmer den nationale Literaturarchiv aus Miersch.

Mam Margret Steckel, Jean-Paul Maes, Jemp Schuster, Mary Carey, Fabienne Faust a Florent Toniello, mat Musek vum Julien Petit

D’Entrée ass gratis, allerdéngs ass d’Aschreiwung am viraus (inscriptions@kulturfabrik.lu) obligatoresch. Weider Informatiounen zum Evenement an den Auteure fannt Dir op www.kulturfabrik.lu.

Dernières nouvelles