Search

You may also like

dislike
Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen
Kultur Neiegkeeten

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen
Kultur Neiegkeeten

No de Wahlen a Bayern mussen sech déi Konservativ Froe stellen

Déi enorm Néierlag vu CSU (-10,4%) an SPD (-10,9%) bei

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!
Kultur Neiegkeeten

What the Fakt – De WorldWideWeb gëtt ëffentlech a gratis!

Fans vum digitalen Zäitalter an der Notzung vum Internet opgepasst:

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun 2020 – Shortlëscht Lëtzebuerg

Literaturpräis vun der Europäescher Unioun 2020 – Shortlëscht Lëtzebuerg

De Jury vum Literaturpräis vun der Europäescher Unioun (EUPL) fir Lëtzebuerg freet sech, d’Shortlëscht mat de Buchtitelen ze verëffentlechen:

  • Samuel HAMEN mat V wéi vreckt, W wéi Vitess (Éditions Guy Binsfeld, 2018)
  • Francis KIRPS mat Die Mutationen. 7 Geschichten und ein Gedicht (Hydre Éditions, 2019)
  • Jeff SCHINKER, Sabotage (Hydre Éditions, 2018)

De Laureat gëtt Enn Mee am Kader vun der kroatescher EU-Rotspresidenz vun der Kulturministerin, der Madamm Nina Obuljen Koržinek, annoncéiert. De Jury ass zesummegesat aus dem Jeanne E. Glesener (Presidentin – Universitéit Lëtzebuerg), dem Jean Back (Auteur), dem Claude D. Conter (Centre national de littérature), dem Jean-Claude Henkes (Librairie Ernster) an dem Jérôme Jaminet (Literaturkritiker).

2020 ass Lëtzebuerg, nieft der Belsch, Bosnien-Herzegowina, Däitschland, Dänemark, Estland, Kroatien, Montenegro, Nordmazedonien, Norwegen, Kosovo, Spuenien an Zypern an der Selektioun fir de Literaturpräis vun der Europäescher Unioun (EUPL).

Den EUPL gëtt all Joer vum Europäesche Schrëftstellerverband, der Europäescher Editeursfederatioun an der Europäesche Librairesfederatioun an Zesummenaarbecht mat der Europäescher Kommissioun organiséiert an zeechent literaresch jonk Auteuren am Beräich vun der zäitgenëssescher Fiktioun aus. Den EUPL gëtt un Auteuren aus Länner verginn, déi um Creative Europe Programm deelhuelen.

De Präis fërdert déi international Visibilitéit vun Auteuren, déi um Ufank vun hirer Karriär stinn. D’Zil vum Präis ass d’Vermëttlung vun de Gewënnertexter un e breede Public, fir esou op déi literaresch a sproochlech Villfältegkeet vun an an Europa hinzeweisen. De Präis ënnerstëtzt d’Iwwersetzung an d’Zirkulatioun vun Texter duerch d’Zesummenaarbecht mat europäeschen Iwwersetzer an der Publikatioun vun enger jäerlecher Anthologie mat Extraiten aus den ausgezeechente Bicher. Den EUPL ass mat 5000 Euro dotéiert.

Viregt Laureate vum EUPL fir Lëtzebuerg:

  • 2010: Jean Back, Amateur (iwwersat op Ungaresch, Albanesch, Tschechesch, Serbesch, Mazedonesch a Bulgaresch)
  • 2013: Tullio Forgiarini, Amok. Eng Lëtzebuerger Liebeschronik (iwwersat op Däitsch an op Serbesch)
  • 2016: Gast Groeber, All Dag verstoppt een aneren (iwwersat op Bulgaresch an op Serbesch)
  • 2018: Am Kader vum EUPL – Literaturwettbewerb „European Stories“ hunn de Jean Back an de Gast Groeber ex aequo de Präis vun den Europäesche Parlamentarier kritt.

Matgedeelt vum Nationale Literaturzenter zu Miersch (CNL)

Opmaacherbild: © Gaelle Marcel / Unsplash

Related topics Bicher, CNL, Die Mutationen, Editions Guy Binsfeld, EUPL, Francis Kirps, Hydre Editions, Jeff SCHINKER, Jury, Lëtzebuerg, Literaturpräis, Sabotage, Samuel Hamen, Schortlëscht, V wéi vreckt, W wéi Vitess
Next post Previous post