Search

You may also like

EU-Staatsanwaltschaft hëlt d‘Aarbecht op
International

EU-Staatsanwaltschaft hëlt d‘Aarbecht op

Nach déi lescht Woch konnt een enger zefriddener Kommissiounsvizepresidentin begéinen,

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel
International

#VakanzDoheem: D’50€-Bonge bleiwe bis den 18. Abrëll 2021 valabel

Den Tourismusminister Lex Delles huet iwwert d’sozial Medien matgedeelt, dass

JSL Kongress 2021
International

JSL Kongress 2021

D’Lisa Kersch an den Amir Vesali goufe bei de Walen

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen

De Comité „Nobel“ China eng grouss Verantwortung um Doud vum Dissident virgeworf

Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler: mam Liu Xiaobo ass eng grouss Perséinlechkeet vun eis gaangen

Am Alter vun 61 Joer ass um Donneschdeg den chineseschen Dissident Liu Xiaobo gestuerwen. Esou d‘Matdeelung vun den Autoritéiten aus der Provënz Lioaoning, wou de Nobelpräisdréier vun 2010 wéinst Liewerkriibs am Spidol geleeën huet.

Net just en Dissident

De Liu Xiaobo, den 28. Dezember 1955 zu Changchun gebuer, war bekannt als Schrëftsteller, Systemkritiker a Mënscherechtler. Iert hie vun den Autoritéiten an de Prisong geworf ginn ass, war en Dozent un der pädagogescher Universitéit zu Peking. Donieft President vum PEN-Club.

Am Dezember 2008 huet hien zesumme mat 302 aneren Intellektuellen d‘Charta 08 zum internationalen Dag vun de Mënscherechter am Internet verëffentlecht. Dat ass den Autoritéiten duergaangen, fir hie wéinst „Subversiv Tätegkeet“ ze verhaften. Am Juni 2009 ugeklot ass en am Dezember vum selwechte Joer zu eelef Joer Prisong veruerteelt ginn.

Wéinst engem Liewerkriibs am Endstadium ass him de 26. Juni Bewärung zougestane ginn. Et dierft der Regierung méi dru geleeën hunn, den Nobelpräisdréier net am Prisong stierwen ze gesinn. Um Donneschdeg 13. Juli ass de Liu Xiaobo dann am Spidol verstuerwen.

Keen einfache Personnage

Eleng d‘Liewe vum Liu Xiaobo wier et ee Buch wäert. Mat sengen Eltere vun 1969 bis 1973 an d‘Mongolei verwise gi. 1976: Aarbechter an enger Baufirma zu Changchun. 1977: Literaturstudium op der Universitéit Jilin, déi hie mat engem Bachelor verloosse sollt. De Wiessel op déi pädagogesch Universitéit zu Peking sollt zukunftsbestëmmend sinn. Vun 1986 bis 1988 Doktorand, mécht den Liu Xiaobo do och säin Doktertitel.

Weltwäit unerkannt, war hien den Invité vun der Universitéit Oslo, Universitéit Hawaii an der Columbia Universitéit. Rebelléiert huet de Nobelpräisdréier och schonn zimlech fréi. Esou d‘Bedeelegung 1989 un de Studenteprotester (Tien-anmen) mat uschléissender Haft vun 1989 bis 1991.

Ab 1995 lieft hien dann zu Peking, schreift Artikel déi hie just am Ausland publizéiere konnt. No der Bedeelegung un der Demokratiebewegung nees sechs Méint Prisong. Vun 1996 bis 1999 Ëmerzéiung duerch Aarbecht iert hien sech no senger Fräiloossung als „fräien“ Schrëftsteller zu Peking néierléisst. 2003 gëtt de Liu Xiaobo zum President vum „Independent Chinese PEN Center“ gewielt.

Den traurege Rescht ass bekannt, 2008 déi lescht Verhaftung, déi him d‘Fräiheet bis kuerz virum Doud sollt huelen.

Reaktiounen uechtert d‘Welt

A Norwegen huet de Comité „Nobel“ China eng grouss Verantwortung um Doud vum Dissident virgeworf. „China dréit d‘Verantwortung fir de virzäitegen Doud vum Liu Xiaobo““ well se him keng appropriéiert Soine gebueden hunn. „Mir verstinn net firwat de Liu Xiaobo net an en Etablissement iwwerwise ginn ass, wou hien hätt kënnen eng adequat medezinesch Behandlung kréien, iert seng Krankheet an déi terminal Phase agetrueden ass“, sot d‘Presidentin vum Comité Berit Reiss-Andersen.

Den Donald Trump soll traureg gewiescht sinn, bei de Nouvelle vum Doud. Esou de Statement aus dem Wäissen Haus. Den amerikanesche Staatssekretär Rex Tillerson huet dem Dissident en Hommage ausgesprach. De Liu Xiaobo „huet säi Liewen der Verbesserung vun der Mënschheet gewidmet“ esou den Tillerson dee Peking gebueden huet seng Fra Liu Xia aus dem Hausarrest ze entloossen.

Bei de Vereenegten Natiounen (UNO) huet de Generalsekretär Antonio Guterres der Famill säi Bäileed ausgedréckt, esou de Spriecher Stéphane Dujarric. Vun enger Kritik géintiwwer China ass awer ofgesi ginn. Den héije Kommissär fir d‘Mënscherechter, Zeid Ra‘ad al Hussein huet dem Dissident och ee leschten Hommage ausgeschwat: „ee Champion vun de Prinzipien dee säi Liewen der Verdeedegung an der Promotioun vun de Mënscherechter gewidmet huet, friddlech an ouni opzehalen. Hien ass agespaart gi well e seng Konviktioun verdeedegt huet“.

Säitens der EU hunn den Donald Tusk an de Jean-Claude Juncker och en Appell u China geriicht. Si fuerderen d‘Fräiloossung vun alle Besënnungsprisonéier. „Mir hu stänneg eis Oppositioun zu senger Veruerteelung ausgedréckt a seng Fräiloossung gefuerdert“, esou béid Dirigenten. „An dëser Stonn riichte mer eisen Appell un d‘Autoritéiten, fir senger Fra, dem Liu Xia a senger Famill de Liu Xiaobo ze begruewen, op der Plaz an no der Manéier déi si wielen. Och sollen se hir Trauer friddlech solle maache kënnen“.

Déi däitsch Kanzlerin hat nach um Mëttwoch u China appelléiert den Liu Xiaobo ausreesen ze loossen. „Ech sinn op dat déifst ergraff vum Doud. Dëse couragéierte Kämpfer fir d‘Mënscherechter an d‘Meenungsfräiheet. Meng déifste Sympathie un d‘Famill“, esou d‘Angela Merkel an engem Tweet.

Och den Emmanuel Macron huet sech an engem Tweet matgedeelt: „Hommage un den Liu Xiaobo, Nobelpräisdréier, grousse Kämpfer fir d‘Fräiheet. Gedanken an Ënnerstëtzung un d‘Famill a seng Fra Liu Xia“. Deem huet sech de Chef vun der franséischer Diplomatie ugeschloss an drun erënnert, datt Frankräich bei ville Geleeënheeten seng Fräiloossung gefuerdert huet. De Jean-Yves Le Drian weist dann och drop hin, datt d‘Mënscherechter ëmmer en Deel vum franséischen Dialog mat China sinn.

London erhieft och seng Stëmm: „De Liu Xiaobo hätt missen erlaabt kréien säin eegent Traitement am Ausland ze wielen, wat déi chinesesch Autoritéiten ëmmer nees verhënnert hunn“, esou den Ausseminister Boris Johnson. „Dat war ee Feeler an ech bieden se elo mat Nodrock d‘Restriktioune déi op senger Fra laaschten opzehiewen“.

Peking weist international Virwërf zréck

Um Freideg huet China d‘Virwërf als „deplacéiert“ zréckgewisen an als Amëschung bezeechent. „China ass e Rechtsstaat. D‘Behandlung vum Dossier Liu Xiaobo ass eng chinesesch Indlandsaffär an déi aner Länner sinn net gutt opgestallt fir net ubruechten Aussoen ze maachen“ esou den Geng Shuang, Spriecher vum Ausseministère. „Mir appelléieren déi betraffe Länner d‘Souveränitéit vun der chinesescher Justiz ze respektéieren“.

mat AFP

Foto: (Archiv) Pro-Demokratie Protest a form vun engem Sit-In zu Hong Kong den 10. July 2017 (© Isaac Lawrence/AFP)

Related topics China, Liu Xiaobo
Next post Previous post