Search

You may also like

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd
Neiegkeeten

Chemnitz: Rietsextremisten op Mënschejuegd

E sëlleche Leit sinn e Méindeg zu Chemnitz (Ost-Däitschland), bei

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Enn an d’Weiderliewe vum VW-Käfer

Et ass een Auto, den mat vill Nostalgie verbonnen ass.

Dem Sultan geet de Goss aus…
Neiegkeeten

Dem Sultan geet de Goss aus…

D‘Bedeelegung u ville Konflikter, de Finanzement vun zweiwelhafte Milizen, d‘Covid19-Pandemie

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter

Verlängerung vun den Ëffnungszäite vum LNS Covid19 „Drive-in“ Testzenter

Ab dem 29. November wäert den LNS-Testzenter, dee mëttels Drive-in um Gelänn vum Laboratoire zougänglech ass, dann och Sonndes op sinn. Esou kann ee e sech hei vu Méindes bis Sonndes tëscht Moies 10 an Nomëttes 17 Auer – mat enger Ordonnance vum Dokter an no viregter Umeldung – op de Covid19 teste loossen.

Vum 30. November un, soll d‘Zuel vun de Rendez-vousen erhéicht ginn. Et sollen esou bis zu 350 Ofstrécher pro Dag méiglech gemaach ginn. De Rendez-vous muss zwéngend iwwert de Site „rdv.lns.lu“ vereenbaart ginn. Dëse Site deen nieft dem lëtzebuergeschen och d‘Informatiounen op däitsch, franséisch an englesch bereet hält, ass wierklech ganz einfach ze benotzen a sollt liicht verständlech sinn.

LNS© LNS

Et ass nach wichteg drop hinzeweisen, datt een ausser engem Internetuschloss och en Handy brauch op deen de Bestätgungscode per SMS geschéckt gëtt. Wann een da säin Attest a Pabeierform huet an de Code um Handy hannerluecht ass, muss een eigentlech nach just mat Zäiten zu Diddeleng beim Laboratoire virfueren. De Recht ass dann u sech ganz einfach an op der Plaz gëtt ee jo och gutt instruéiert.

Zu den Tester: de Covid19-Test am LNS gëtt mëttels engem Ofstréch an der Nues duerchgefouert. De Mindestalter fir en Test bedréit 6 Joer. D‘Resultater vum Test ginn engem da bannent 48 Stonnen och per SMS op den Handy weidergeleet. Sollt de Covid19-Test „positiv“ gewiescht sinn, setzt sech en LNS-Dokter telefonesch mam „Patient“ a Verbindung.

Foto: © LNS

Related topics Covid19-Test, Diddeleng, Dokter, LNS, Nationale Gesondheetslaboratoire, Ordonnance
Next post Previous post