Search

You may also like

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren
Money Neiegkeeten

Airbus vs Boeing: USA wëllen nei Douanestaxen imposéieren

Wéinst den ëmstriddene Subventioune fir Airbus, huet d‘US-Regierung gëschter domadder

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!
Money Neiegkeeten

LuxFoodExpress: Loosst Iech Äre Menü Heem liwweren!

Dir kommt midd vun der Aarbecht an hutt keng Loscht,

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung
Money Neiegkeeten

InvestEU: déi Gréng ginn hir Zoustëmmung

An engem Communiqué informéieren déi Gréng iwwer den Invesitiounsprogamm, och

money

Lobbyisten ënnert sech

BusinessEurope a FEDIL wëllen Entrepreneure „politesch“ motivéieren

Lobbyisten ënnert sech

De President vum Lobbyiste-Veräin „BusinessEurope“ Pierre Gattaz a säi Kumpan Markus Breyer (CEO vum Lobby) ware gëschter op Besuch bei der FEDIL, fir déi Lëtzebuerger Entrepreneuren a Patrone vun Europa ze iwwerzeegen. De Fransous an den Éisträicher sinn iwwerzeegt, datt eenzeg déi europäesch Entreprisen d‘Zukunft an de Liewensstandard vun den Europäer garantéiere kënnen.

Wa gewosst ass, datt Mënsche mat engem héijere Bildungsgrad souwisou vun hirem Wahlrecht gebrauch maachen, esou kann ee begréissen, datt déi zwee Lobbyiste gëschter op der FEDIL en Appell un de Public geriicht hunn, am Mee „pro-europäesch“ Parteien ze wielen. D‘Communautéit vun den Entrepreneuren a Geschäftsleit misst Verantwortung iwwerhuelen, esou de Slogan.

Lobbyisten

De President vu BusinessEurope, Pierre Gattaz, huet de Lëtzebuerger Patronen un d‘Häerz geluecht, sech fir d‘Europawahlen am Mee anzesetzen, a virun allem wielen ze goen. Sech dem Populismus entgéint stellen, well dësen net d‘Wäerter vertrëtt fir déi Entrepreneuren a Geschäftsleit astinn, wier en Zeeche vu verantwortlechem Handelen. © FEDIL

An de Fransous geet nach e Schratt méi wäit: „De Patron huet d‘Flicht ze erkläre firwat d‘EU esou wichteg fir d‘Zukunft vun Europa ass a senge Bierger ass“. D‘Patronat soll dem schaffende Vollek verdäitleche wat ze maachen ass, fir sécher ze stellen datt alles de gewënschte Wee hëlt. Dobäi ass et och fir Patronen net esou einfach déi Politiker auszemaachen déi hir Interesse verdeedegen.

Profitabel, net sozial, soll d‘EU sinn

Elo geet et weder de Männer vu BusinessEurope nach der FEDIL drëms datt et de Bierger, oder méi prezis dem Salariat, besser geet. Et geet drëms d‘Politik vu bannen eraus ze gestalten, déi Leit op déi Posten ze bréngen, déi am Sënn vum Kapital Direktiven a soss Gesetzer entwerfen, wa si déi net direkt vun der Lobbygrupp iwwerhuelen oder operzwonge kréien. Also ass dat alles schlecht?

Nee ass et net, an et sollt ee respektéieren datt si hir Kuuscht verdeedegen. Zudeem stëmmt et, wann d‘FEDIL behaapt: „Mir brauchen e staarkt a vereenten Europa, fir staark an erfollegräich Betriber“. An de Pierre Gattaz huet dann och Recht ze betounen, datt d‘Entreprisen an folglech d‘Patronen, d‘Réckgrat vun der europäescher Stabilitéit duerstellen. Dat well d‘Politik kläglech versot huet…

Lobbyisten

Wat mam Hiwäis unzefänken ass, datt 80% vun den Aarbechtsplazen am Privatsecteur geschafe ginn, an dësen 2016 eng 200 Milliounen Euro (fir Fuerschung an Entwécklung) an déi europäesch Unioun investéiert hätt, wësse mir esou genee och net. Ugesiichts enger fanatescher Privatiséierung vu villen ëffentlechen Déngschtleeschtungen, ass dësen Taux schliisslech erbäigefouert ginn.

D‘Welt verännert sech rapid

Et dierf een, am Kontext vun den Investitiounen an d‘Fuerschung an d‘Entwécklung dann och net vergiessen, datt déi getätegt ginn, fir géintiwwer dem amerikaneschen an/oder chinesesche Maart kompetitiv ze bleiwen. Zudeem mussen sech och d‘Entreprisen der Digitaliséierung stellen, wat si grad vun de groussen US-Softwareentwéckler ofhängeg mécht. Et muss een also um Ball bleiwen.

Matten dran d‘Politik. Esou stellt de Pierre Gattaz fest: „Mir sinn net eleng Zeie vun enger Ära vum Wiessel, mee vum Wiessel vun enger Ära“. D‘Welt géif sech rapid veränneren, d‘Allianzen och an de Populismus genéisst a profitéiert vum politesche Chaos. Sech dorops virzebereeden ass komplizéiert, mee et kéim een net méi derlaanscht sech dësem Phenomen entgéintzestellen.

Lobbyisten

De FEDIL-President Nicolas Buck, war siichtlech zefridden an erfreet iwwert déi vill an nëtzlech Ausféierunge vun de Leader vu Lobbygrupp „BusinessEurope“. A wa gëschter konnten d‘Leit iwwerzeegt ginn sech fir Europawahlen anzesetzen a dem Populismus Paroli ze bidden, da war d‘Konferenz schonn en Erfolleg. © FEDIL

Am Kader vun den „Ambitioune fir d‘EU am Joer 2030“ hunn déi zwee Lobbyisten déi Lëtzebuerger Entrepreneuren a Geschäftsleit ermontert, en Deel vun der Léisung ze sinn, a matzewierken datt d‘EU déi nei „Ära“ am Aklang mat senge Wäerter iwwerwonne kritt. Datt sech d‘Patronat och de sozialen Erausfuerderungen ze stellen huet, ass hoffentlech méi wéi e Constat.

Foto: Si verdeedegen hiert Brout an hir Engagementer: FEDIL an BusinessEurope sinn de Lobby vum Patronat, a béid Organisatioune gesinn sech och als politesch aktiven Acteur, deen sech géint de Populismus asetzt. © FEDIL

Related topics BusinessEurope, Europawahlen 2019, Fedil, Lobbyisten, Nicolas Buck, Pierre Gattaz
Next post Previous post