Search

You may also like

money
Steierreform oder net Steierreform?
Neiegkeeten

Steierreform oder net Steierreform?

Et ass net eleng déi gréissten Oppositiounspartei (CSV) an déi

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert
Neiegkeeten

D‘Concerten an der Mëttegstonn gi relancéiert

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) an d‘Stad Lëtzebuerg hunn

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht
Neiegkeeten

Europawahlen 2019: Konferenzen an Aschreiwung op d’Wielerlëscht

De 26. Mee 2019 sinn Europawahlen – ee Grond méi,

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren

D‘Mënschewierd vun de Locatairen och an der Kris garantéieren

De „Mieterschutz Lëtzebuerg“ hat et sengerzäit begréisst, datt d‘Regierung beschloss hat, d‘Loyere bis Joresenn anzefréieren. Och de Stopp vum „Deguerpissement“ wärend dem Etat de Kris war vun der Associatioun gelueft ginn.

Elo ass dës sanitär Kris awer nach ëmmer do an d‘Covid19-Pandemie wäert eis nach ee gudde Strapp laang begleeden. Dat ëm esou méi, wéi mir an der zweeter Well stiechen. Dat seet esou och d‘Regierung an d‘Associatioun bedauert hei, datt do net méi Reaktioune kommen. Esou stellt de Mieterschutz Lëtzebuerg fest, datt et keng ustalte gëtt, d‘Loyeren iwwert den 31. Dezember eraus anzefréieren, jo nach net emol de Respekt vun deem ze fuerdere wat jo beschloss ginn ass.

Zudeem ginn nees massiv Leit aus hire Wunnenge gedrängt/expulséiert. Dat bréngt mat sech, datt ganz Familljen – deels mat klenge Kanner – einfach op der Strooss stinn. Et gëtt zougelooss, datt enorm Drock op Locatairen ausgeüübt gëtt an et gëtt och vill d‘Argument ugefouert, datt d‘Haus misst renovéiert ginn. D‘Zil derhannert ass et awer net de bestoende Locataire ee besseren, méi moderne Wunnraum unzebidden, nee hei solle Luxuswunnengen entstoen déi vill Profit bréngen.

Een ass deem aneren säin Däiwel

Beim Mieterschutz Lëtzebuerg stellt een zu allem Bedaueren dann och nach fest, datt esouguer Locataire vu Sozialwunnenge virun d‘Dier gesat ginn. Aus hirem Communiqué ass ze enthuelen, datt esou méiglech wier, well et ee „Roulement“ géif ginn. Och aner Ursaache ginn ugefouert, keng dovunner betrëfft de Loyer oder den Zoustand vun der Wunneng. Esou gëtt onnéideg Drock op d‘Sozialbüroen ausgeüübt, déi eigentlech scho genuch mat der sanitärer Kris ze kämpfen hunn.

Wann et richteg ass, datt sech d‘Sozialbüroe keng Wunnengen aus dem Stee schloe kënnen, an d‘Offer vu Sozialwunnengen an/oder abordabelem Wunnraum éischter „inexistent“ ass, esou sinn et ëmmer déi Äermst déi et trëfft. Si ginn, dat ass erwisen, um Wunnengsmaart diskriminéiert: egal ob et déi perséinlech Lag ass, et mat der Hierkonft ze dinn huet oder direkt béides zesummekënnt. Et dierf och drop higewise ginn, datt et den Ament nach méi schwéier ass eng Aarbecht ze fannen.

Et brauch elo konkret Mesuren

Well sech Mieterschutz op de Fändel geschriwwen huet fir d‘Rechter vun de Locatairen anzetrieden an och generell festhält, datt: „Wunnen ass ee Mënscherecht“; ass et nëmmen normal datt si vun der Regierung eng Rei Aktioune fuerderen, déi géif beweisen, datt wa vu Solidaritéit riets geet, dës och tatsächlech muss gelieft ginn. An dësem Sënn fuerdert de Mieterschutz Lëtzebuerg:

  • direkte Stopp vun den Expulsioune fir d‘Dauer vun der Covid19-Pandemie;
  • eng dréngend Finanzhëllef fir onbezuelte Loyeren, wann et dem Coronavirus geschëlt ass;
  • Sanktioune géint Proprietairen duerchsetzen, déi sech iwwert de Verbuet de Loyer ze erhéijen ewechgesat hunn, an d‘Afréiere vun de Loyere bis zum Enn vun der Pandemie duerchzesetzen;
  • dofir Suerg droen, datt zousätzlech Kapassitéite fir d‘Noutopnam – besonnesch fir Familljen – geschafe ginn.

Doriwwer eraus stellt sech beim Mieterschutz Lëtzebuerg d‘Fro, wouranner d‘Logik bestoe soll, de Leit ze recommandéieren doheem ze bleiwen, wann déi keen Daach iwwert dem Kapp hunn. Dat ëm esou méi wann am Prozess och d‘Kanner op der Strooss landen an d‘Elteren hei riskéiere vun den Autoritéiten d‘Erzéiungsberechtegung entzunn ze kréien. Läit et net an der Verantwortung vun der Gesellschaft déi benodeelegt, prekär an/oder vulnerabel Mënschen ze schützen?

Wien der Meenung ass, datt d‘Gesellschaft als Ganzes hei Verantwortung iwwerhuele muss, deem sief geroden, sech d‘Petitioun « STOP des expulsions pendant la crise COVID19 ! Bleift Doheem ! » emol a Rou duerchzeliesen. Iwwerzeegen iech d‘Argumenter vum Mieterschutz Lëtzebuerg, da sollt dir se och ënnerschreiwen. Et kascht näischt, deet net wéi, kann awer guddes doen an hëllefen.

Dir wëllt méi wëssen oder hutt froen: contact@mieterschutz.lu

Foto: D‘Associatioun Mieterschutz Lëtzebuerg, an där sech nieft ville Bierger, och Gewerkschaften, politesch Parteien a Vertrieder aus der Zivilgesellschaft engagéieren, konnt schonn ee puer grouss Manifestatiounen organiséieren. Déi goufe bis ewell vu ville Regierungsparteien net wierklech zur Kenntnis geholl. Eng bedauerlech Feststellung déi d‘Fro opwerft, wéi wäit ee goe muss fir zu sengem Recht ze kommen. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Covid19-Pandemie, Expulsiounen, Locatairen, Logementskris, Loyer, Mieterschutz Lëtzebuerg Asbl, Regierung
Next post Previous post