Search

You may also like

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019
Kultur Neiegkeeten

Auszeechnunge fir Nationalfeierdag 2019

Am Kader vun Nationalfeierdag huet um vergaangenen Dënschdeg d’Familljen- an

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt
Kultur Neiegkeeten

D‘EU huet de Budget 2020 hikritt

Et war zolidd spéit ginn, mee d‘Waarden op Äntwerten huet

Nee! zur moderner Sklaverei
Kultur Neiegkeeten

Nee! zur moderner Sklaverei

Gëschter am Nomëtte war virum Sëtz vun der europäescher Kommissioun

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Ee Virtrag vum Fabienne Gilbertz, Liesung an Diskussioun mam Pol Greisch a Pierre Puth

LOCHNESS – E Lëtzebuerger Auteursverlag an den 1970er Joren

Um 18. Juni 2019 stellt d’Fabienne Gilbertz de Verlag Lochness – verlag luxemburger autoren am Nationale Literaturzenter (CNL) zu Miersch vir.

Bis wäit an 20. Joerhonnert eran ass de Lëtzebuerger Literaturbetrib just schwaach entwéckelt: Laang Zäit existéiere keng literaresch Verlager an d’Lëtzebuerger Auteuren hu wéineg Méiglechkeeten, hir Texter ze publizéieren a Kontakter ënnerteneen ze knäppen.

Dat ännert sech awer vun den 1960er Joren un, wéi sech e Grupp vun Auteure ronderëm Initiative wéi d’Schrëfterei impuls, d’Zäitschrëft doppelpunkt, d’Liesungen an de Konsdrefer Scheieren oder am Café Beim Malouzesummendeet, fir déi eege Situatioun ze verbesseren an hir gesellschaftskritesch Texter engem Lëtzebuerger Public ze presentéieren. En éischten Héichpunkt vun dëser Zesummenaarbecht a Solidariséierung ass d’Grënnung vun engem kollektive Verlag: lochness – verlag luxemburger autoren.

Lochness
Lochness
Lochness

An hirem Virtrag stellt d’Fabienne Gilbertz dësen Auteursverlag vir, deen et net méi wéi 3 Joer a 5 Publikatioune laang gouf, an erkläert, firwat lochness trotz dëser Kuerzliewegkeet wichteg fir d’Entwécklung vun der Lëtzebuerger Literatur war. Donieft kucken de Pol Greisch an de Pierre Puth – allebéid Grënnungsmembere vulochness – zesummen zeréck op d’Aktivitéite vum Verlag a liesen Auszich aus de Publikatiounen.

Dëst Evenement gëtt um kommenden Dënschdeg, den 18. Juni 2019 um 19.30 Auer am CNL zu Miersch organiséiert. Den Entrée ass fräi. D’Informatioune vum CNL selwer kënnt dir op hirer Internetsäit fannen. Iwweregens leeft nach bis den August am Nationale Literaturzenter déi fantastesch Ausstellung vum Superjhemp – dat sollt ee sech op kee Fall entgoe loossen!

Related topics CNL, Fabienne Gilbertz, LOCHNESS, Miersch, Pierre Puth, Pol Greisch
Next post Previous post