Search

You may also like

Ouni Geescht a Verstand…
Meenung Neiegkeeten

Ouni Geescht a Verstand…

An der Nuecht op e Samschdeg war enger Patrull vun

Nordkorea rifft sech an Erënnerung
Meenung Neiegkeeten

Nordkorea rifft sech an Erënnerung

Entspriechend de südkoreaneschen Autoritéiten, huet Pyongyang hënt nees zwou Rakéite

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert
Meenung Neiegkeeten

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert

Mam Begriefnes vum thailännesche Kinnek, ass um Donneschdeg dat vun

Editorial: Lockdown fir Lëtzebuerg: jo… nee… vläicht…

Editorial: Lockdown fir Lëtzebuerg: jo… nee… vläicht…

Um Samschdeg war de Premier Xavier Bettel bei de Kolleege vum Honnertkommasiwen an der Emissioun „riicht eraus“ wou hien dem Land matgedeelt huet, datt d‘Regierung iwwert de Weekend weider Gesetzesännerunge virbereede géif, fir méiglechst Zäitno op d‘Evolutioun vun der Covid19-Pandemie anzegoen, wann d‘Situatioun dat géif erfuerderlech maachen.

Beim Vott vum Covid19-Gesetz, leschten Donneschdeg an der Chamber hat sech schonn däitlech ugekënnegt, datt et wuel net mat deenen am modifizéierte Gesetz enthalene Moossname wäert duergoen. Esou hat jo de Premierminister am Kader vum verbale Schlagaustausch mat der CSV gemengt, datt de nächste Mëttwoch d‘Stonn vun der Wourecht wäert schloen.

Dat hat op der Oppositiounsbänk fir eppes Tëscheriff an eng Rei Froe besuergt, déi weder de Xavier Bettel nach d‘Paulette Lenert opgegraff hunn. An der Sendung „riicht eraus“, ass et dann nees mat „Uspillunge“ virugaangen: „Wann et eng Explosioun vun de Covid19-Patienten an de Spideeler gëtt, wieren nei Mesuren néideg. Et kéint awer och sinn, datt keng nei Mesuren néideg wieren“.

Esou hält d‘Spannung héich, och wann net ersiichtlech ass, wéi eng Zweck esou eppes soll erfëllen. Kloerzestellen, datt een en Gesetz – dat jo an d‘Grondrechter agräift – bannent dräi Deeg opgestallt kritt, ass wuel éischter Selbstluef mee verfollegt nach en anert Zil. Esou gëtt der Oppositioun esou signaliséiert, datt sollt si dat net matdroen, een nach emol iwwert den Etat de Kris schwätze muss.

Wéi een et do och dréit kéiert, et ass wuel esou wéi schonn am Bericht zur Chamberssëtzung vum leschten Donneschdeg erkläert: de Lockdown – deen eis Noperen an ënnerschiddleche Variatiounen uwennen – kënnt mat grousse Schrëtt op eis duer. Et wäert en aneren si wéi nach am Fréijoer, mee realistesch betruecht, léist e sech net verhënneren, beschtefalls zäitlech erauszögeren.

Bleift déi éiweg ongekläerte Fro: Firwat ka keen an der Regierung – an dat besonnesch an der Sendung „riicht eraus“ – d‘Kaarten op den Dësch leeën. Mengt iergendeen de Bierger géif déi schrëttweis Verschäerfung vun de Moossname besser verdauen, wéi konkret an novollzéibar Mesuren? Kee geet dovunner aus, datt sech bis ee Mëttwoch d‘Infektiounszuelen halbéieren.

Et stellt sech folgerichteg net Fro vun „ob oder ob net“ mee vu „wéini“ de Lockdown mam Erhalt vun de Wirtschaftsaktivitéite muss annoncéiert ginn. An dësem Kontext wier et sécherlech net falsch gewiescht, op d‘Froe vun der Oppositioun eng Äntwert ze ginn, statt deen an der Chamber ugewannten Ëmgangstoun ze bedaueren. Méi verständlech gëtt dat Ganzt esou jiddefalls net.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Confinement, Honnertkommasiwen, Lockdown, Riicht Eraus, Xavier Bettel
Next post Previous post