Search

You may also like

Impeachment… esou einfach geet et dann awer net
International Money Neiegkeeten

Impeachment… esou einfach geet et dann awer net

Déi grouss Majoritéit vun de Republikaner am US-Senat ass dem

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord
International Money Neiegkeeten

De SNE/CGFP hëlt Stellung zum Koalitiounsaccord

D’Resultater vun de Wahle vum 14.Oktober hunn zum Fortféiere vun

Handelskonfederatioun stellt sech queesch
International Money Neiegkeeten

Handelskonfederatioun stellt sech queesch

An dësem Kontext hat et dann och an de leschte

money

Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen

De Loftfaartkonzern Boeing stellt d‘Produktioun vum „Jumbo“ an

Eng Loftfaartlegend gëtt zu Graf gedroen

1969 huet den éischte Jumbo-Jet 747 den Himmel eruewert. De gréisste Passagéierfliger vun der Welt ass mat den erfollegräichste Fliger an der Geschicht vun der Loftfaart, mee Boeing stécht an enger Wirtschaftskris. De Konzernchef Dave Calhoun huet bestätegt, datt Boeing am Kontext vun der Maartentwécklung d‘Produktioun vum Jumbo spéitstens 2022 vollstänneg astelle wäert.

Ganz iwwerraschend ass dëse Schratt net. Zanter Joren hunn se bei Boeing iwwert de Produktioun-Stopp vun dëser „Kinnigin vun de Lëft“ nogeduecht. D‘Nofro fir dëse risege Fliger ass Réckleefeg an et goufen an der Lescht nach just bis zu sechs Maschinnen d‘Joer hiergestallt, an dat en éischter Linn als Frachtfliger. D‘Cargolux beispillsweis gehéiert zu de beschte Cliente vu dësem Fliger.

Nieft der Frachtfligerversioun ass nach eng Sonnerversioun fir d‘US-Regierung (Air Force One) gebaut ginn, mee Passagéierfliger wollt kee méi. Doriwwer eraus ass Boeing schwéier ugeschloen, firwat zwéngend gespuert muss ginn. D‘Coronavirus-Kris, an déi massiv Problemer mam Typ 737-Max – Fluchverbuet no zwee Ofstierz – hunn de Konzern déif an de roude Beräich gefouert.

Am zweete Quartal 2020, iwwerschreiden d‘Verloschter 2,4 Milliarden US-Dollar. Den Ëmsaz ass ëm 25% agebrach a fält am Verglach zu 2019 op 11,8 Milliarden US-Dollar. Zudeem huet Boeing den Ament net wierklech eng Äntwert op d‘Offer vu sengem gréisste Konkurrent Airbus. An awer huet den „Jumbo“ Geschicht geschriwwen, mee all Ära geet emol zu Enn, Ausname gëtt et keng…

Foto: Et gëtt keng „B7474-F“ Versioun vum Jumbo, déi net bei der Cargolux am Asaz gewiescht wier. Et ass ee vun de leeschtungsstäerkste Frachtfliger an esou am gewësser Mooss ee Pilier vun eiser Wirtschaft. Rezent huet d‘Cargolux fir säi 50 Jubiläum eng B747-ERF an de Faarwe vun de 70er Jore presentéiert. D‘747 war an ass ee „Bijou“ mat enorme Potential… © Hans Dorries / unsplash

Related topics Boeing, Boeing 747, Jumbo-Jet, Kinnigin vun de Lëft
Next post Previous post