De Vëlo huet eng Plaz an all Gemeng
Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet
Ëmmer méi Lëtzebuerger klammen op der Vëlo. Op der Gesondheet
Nodeems gëschter de ministeriellen Trio, Dan Kersch (LSAP), Pierre Gramegna
An der Diskussioun ëm d‘Opnam vu mannerjärege Flüchtlingen aus Griicheland,
De geographeschen Informatiounssystem vun der Groussregioun (SIG-GR) an „ATMO Grand-Est“ hunn sech zesummegedoen, fir eng interaktiv Kaart vun der Loftqualitéit an der Groussregioun op d‘Been ze stellen.
Dës Kaart ass dräisproocheg (DE/FR/GB) iwwert de Geoportal vun der Groussregioun – an der Rubrik „Environnement“ – ze fannen. Si erméiglecht et all Awunner vun der Groussregioun mat wéinege Klicken, eppes iwwert d‘Loftqualitéit an Erfarung ze bréngen. Si aktualiséiert sech vu Stonn zu Stonn, dank der Erfaassung vun den Daten aus 98 Moossstatiounen déi um ganzen Territoire opgestallt goufen.
Ausgeschafft gouf dës Kaart vum Aarbechtsgrupp „Environnement“ vum Sommet vun der Groussregioun, a besonnesch vun der ënnergeuerdenter Aarbechtsgrupp „Mise en réseau transfrontalier des données sur la qualité de l‘air“. Déi ugewannte Skala baséiert um europäeschen Index vun der Loftqualitéit, deen unhand fënnef, fir d‘Gesondheet vun der Bierger, schiedleche Verschmotzunge berechent gëtt.