Search

You may also like

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 29. Mee 2020
Neiegkeeten Stories

Chantier Pont Buchler: Déi nächst Phas um 29. Mee 2020

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt am Kader vum Reamenagement vum Pont

Jonk Studenten entdecken den Härebierg
Neiegkeeten Stories

Jonk Studenten entdecken den Härebierg

Am Kontext vun den „Informatiounsdeeg“ vun der Arméi, Police, Douane,

Verännerunge beim HB Miersch 75
Neiegkeeten Stories

Verännerunge beim HB Miersch 75

Nodeems den HB Miersch 75 an d‘Nationaldivisioun (AXA-League) opgestigen ass,

Logement, Banken a Kafkraaft bleiwen d‘Haaptthemen

Virun der grousser Vakanz huet den ULC-President nach emol de Punkt gemaach

Logement, Banken a Kafkraaft bleiwen d‘Haaptthemen

Eigentlech hätt d‘ULC längst hir Generalversammlung missen ofhalen, mee wéi mir wëssen dreift de Coronavirus nach ëmmer säin Onwiesen, firwat dësen Evenement op den 22. September huet misse verluecht ginn. Mee d‘Rapporte vun 2020 si fäerdeg, a goufe scho gepréift a fir gutt befonnt. Esou konnt den ULC-President Nico Hoffmann en Iwwerbléck zu den Aktivitéiten ubidden.

Am Pandemiejoer 2020 huet d‘ULC fir zwee ganzer Méint seng Büroe misse schléissen, et gouf op Kuerzaarbecht an den Télétravail gesat. Esou konnt de Konsumenteschutz senge Membere wärend dem Etat de Kris awer bäistoen. Interessant nach de Fait, datt mat liichten Ofstrécher, d‘ULC dëser Koalitiounsregierung eng gutt Krisegestioun zougesteet, dat trotz gewëssen Inkoherenzen.

Esou hat sech d‘ULC anere Verbänn ugeschloss, wéi de Mëssel mam AstraZeneca opgetrueden an et Mënschen hat, deenen een trotz Konterindicatioun vum Hausdokter, eben dëse Vaccin sollte kréien. Dat hätt net nëmmen zu Mësstéin beim Ëmgang mat de Leit, mee och zu Reklamatioune gefouert. Wat d‘Betreiung vun den eelere Mënsche betrëfft, esou wier déi net Zefriddestellend.

Apropos Alters- a Fleegeheemer. An dësem Kontext huet den Nico Hoffmann drop higewisen, datt et nach ëmmer vill Intransparenz huet, wat de „Loyer“ an d‘Niewekäschten an dësen Haiser ugeet. Si hunn sech elo enger Enquête ugeholl, fir eppes Liicht an dësen däischtere Beräich vun engem wuel lukrativen Déngschtleeschtungssecteur ze bréngen. Detailer dozou soll et am Hierscht ginn.

Wou ee sech bei der ULC dann nach eppes wonnert, ass den Ëmstand, datt villes „politesch“ op d‘Säit geluecht gouf, wat duerchaus an dëser beschwéierlecher Period hätt kënnen – a wuel och missen – op de Leescht geholl ginn. Dat besonnesch bezunn op de Konsumenteschutz, woubäi datt jo awer de Ressort vun eben der Gesondheetsministesch läit. An déi hat dofir einfach keng Zäit.

Wann d‘Kafkraaft fleete geet

Eng vun de grousse Suergen ass de Verloscht vun der Kafkraaft. Villes ass méi deier ginn, wéi beispillsweis d‘Liewensmëttel, de Stroum an elo och de Sprit. Dat a Verbindung mat der Kuerzaarbecht, wou dann nëmmen nach 80% vum Loun ausbezuelt ginn, ass net dat wat ee sech vun der wirtschaftlecher Relance erhofft huet. Laut Statec läit d‘Inflatioun aktuell bei 2,1%.

Dat awer bedeit dann, datt Enn vum Joer misst eng Indextranche fälleg sinn. An dësem Kontext ass d‘ULC veriergert, datt d‘CO²-Steier am Indexkuerf neutraliséiert ginn ass. Bei enger Hausse vu ronn 30% géintiwwer 2020, verzeechent dëse Produit, nieft dem Logement dee gréisste Sprong. D‘ULC fuerdert folgerichteg d‘Erhale vun der Kafkraaft an d‘Reprise vum Indextranche-Virschoss.

Gutt, hei muss erlaabt sinn drun ze erënneren, datt de „Virschoss“ viru bal 40 Joer ad acta geluecht gouf an et mam Finanzminister Pierre Gramegna éischter net wäert ze maache sinn. Et wier awer sënnvoll, bezunn op déi bedreelech Finanzsituatioun vu vill Menagen am Land. Déi gi besonnesch vun de Präisser am Immobilier belaascht, an och hei huet de Statec keng berouegend Previsiounen.

Laut de Statistiker, hunn d‘Präisser fir ee Logement 2020 nach emol ëm 14,5% zougeluecht, fir dat anert Joer sollen et nach 9% sinn a schonn 2022, géif d‘Hausse nëmmen nach 5% bedroen. Dat sinn op dräi Joer ganzer 28,5% Plus-value, an ob dës Previsioune stëmmen – bezunn op d‘Penurie vun de Baumaterialien – dierf op dëser Plaz staark bezweiwelt ginn. An dat bréngt weider Problemer…

Et géif héich Zäit datt d‘Politik d‘Logementskris als nationale Problem erkennt an endlech statt ville Rieden a Versprieche ganz reell aktiv gëtt. Woubäi och d‘Ministère selwer, also d‘Fonctionnairen an dëse Ministèren, endlech sollten zesummeschaffen, statt sech – aus Grënn – an de Féiss ze stoen oder iwwer Kompetenzen ze streiden. Zudeem muss elo wesentlech méi streng reguléiert ginn.

De Spekulanten den Dicks béien

Zum enge gëtt hei gefuerdert, datt d‘Regierung d‘TVA beim Loyer nees vun elo 17% op déi soss gülteg 3% erofsetzt. Hei gëtt schliisslech just dem Locataire an d‘Täsch gegraff, an dat bei aktuelle Loyeren… Wann ee sech bei der ULC scho kloer doriwwer ass, datt Wunne wuel net méi bëlleg wäert ginn, esou dierft et awer net zu weideren Erhéijunge kommen an d‘Hëllef muss besser ginn.

Dat zum enge bezunn op d‘Loyersgarantie, an zum anere wat d‘Fraise vun den Agence ubelaangt. De Spekulanten an hire Geselle muss eppes entgéint gesat ginn, woubäi et hei – dat ka kengem entgaange sinn – zolidd u politeschem Courage feelt. D‘Besteierung vum eidele Wunnraum, wéi d‘Broch leie loosse vu Bauterrainen zur Profitmaximéierung, géif et. Leider gëtt näischt ugewannt.

Konsumenteschutz(vlnr) Marcel Laschette, Sekretär; Nico Hoffmann, President; Guy Goedert, Direkter a Guy Feltes, Tresorier. © Martine de Lagardère /moien.lu

Och déi vill beschwate Steiergerechtegkeet léisst op sech waarden. Dat déi éischt Steierreform vun dëser Regierung ee Grëff an d‘Eidelt war ass gewosst, an déi nei ass net fir esoubal. Dobäi wier et elo wichteg déi kleng a mëttel Akommes ze entlaaschten. Wien de Mindestloun kritt sollt dann och guer keng Lounsteier méi ze entriichten hunn. D‘Ofschafe vun der Steierklass 1A wier wichteg.

Mat de Banken huet sech bis ewell och nach näischt zum bessere gewannt. D‘Fraisen – also dat Geld wat ee muss hileeën, fir un dat eegent ze kommen – si weiderhin ee grousse Problem, an un Transparenz bei de „Packagen“ feelt et weiderhin. Laut der ULC wier domadder ze rechnen, datt bis 2024 gutt 40% vun de Filiale géifen hir Dieren zoumaachen, wat nees eng Partie Leit benodeelegt.

Fir deem ze begéinen huet d‘ULC sech eng Entrevue mam Syvicol ugefrot. Gréisser Gemengen hätte jo ee Besoin u Finanzdéngschtleeschtungen. E weideren Alldagsproblem huet et beim Boergeld, dat nach ëmmer vu gewësse Geschäftsleit refuséiert géif ginn. D‘ULC erënnert drun, datt den Euro nach ëmmer en offiziellt Bezuelmëttel ass. Hei wier nees de Finanzminister um Zoch.

Vun Negativzëns a Sammelkloen

Als weidere finanzielle Problem erschéngt um Horizont den Negativzëns, dee vun der Raiffeisen zanter dem 1. Juli applizéiert gëtt (0,4% ab engem gewësse Betrag) an deen d‘ING am September uwenne wëll. Si hunn nach keng Angaben zu Ëmfang an dem Montant gemaach. Dorunner wier, esou den Nico Hoffmann, och déi Europäesch Zentralbank, mat hirer Zënspolitik schold.

Spueren awer muss sech lounen, well den „Apel fir den Duuscht“ wiisst och net iwwer Nuecht op de Beem. D‘Leit ermonteren hir Suen a Risikokapital ze stiechen, ass jiddefalls de falsche Wee. A mat der Berodung, also därer eng déi d‘Situatioun vum Client berécksiichtegt, ass ee bei de Banke guer net frou. An ob elo Bank oder soss e Betrib, vun engem Problem sinn oft méi Leit betraff.

Fir dat an esou engem Fall net all eenzele muss fir sech juristesch Mëttel aleeën, gëtt et déi bekannt Sammelklo. Dozou huet d‘EU-Kommissioun esouguer eng Direktiv geschafen, mat där et generell méiglech ass Sammelkloen ze maachen. D‘Länner hunn hei awer nach ee gewësse Spillraum, wat zum Gesetzprojet vun dëser Regierung féiert. De muss bis Enn 2022 ëm- an duerchgesat ginn.

An dësem Kontext hätt d‘ULC ee puer Fuerderungen. Zum enge gëtt verlaangt, datt wann eng Klo agereecht gëtt, an déi vum Geriicht als recevabel erkläert gëtt, dat muss ëffentlech gemaach ginn. Dat fir datt wien och zu de geschiedegte gehéiert, sech dëser Sammelklo kann uschléissen. Dat wëll esou weder d‘Wirtschaft nach eis Politik, déi uféiert, datt dat just zur Ruffschiedegung féiert.

Zum anere verlaangt de Konsumenteschutz, datt sech de Staat hannert d‘Sammelkloe stellt an esou och ee spezielle Fong ariicht, fir bei dësen oft immens käschtenintensiv Prozeduren, entspriechend Mëttel virzestrecken. Och dat dierft net am Sënn vun all deene sinn, déi jo alles drusetze fir esou Sammelkloen ze verhënneren. An dofir huet gutt, wann och traureg Beispiller, wéi jo gewosst ass.

Esou den VW-Dieselskandal, wou et als erwise gëtt, datt de Konzern massiv gefuddelt an d‘Cliente beduckst huet. Wärend a verschidde Länner Urteeler gefall sinn, deet sech zu Lëtzebuerg dat üblecht, nämlech glat a guer näischt. Zanter dräi Joer elo ass eng Prozedur unhängeg, an et huet nach net en Urteel zum Fong vun der Klo. Firwat et net viru geet, muss elo net preziséiert ginn.

Foto: © Martine de Lagardère /moien.lu

Related topics Banken, Kafkraaft, Konsumenteschutz, Logement, Sammelkloen, ULC
Next post Previous post