Bei Uruff Bettel
An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun
An engem Wahlkampf geet et entgéint gutt gemengten Interpretatioune virun
Schonn zënter Wochen gi Privatfeieren um Site bei den Dräi
D‘Kris am Logement ass net an de Grëff ze kréien, wat mat vill hallefhäerzeger Politik an wéineg Ëmsetzung vu bestoende Gesetzer ze dinn huet. D‘Präisser explodéieren, d‘Leit fanne keen Dach iwwert dem Kapp an d‘Annoncen halen och oft net dat wat se engem verspriechen.
Un de Präisser an der Reguléierung vun de Loyere wäert sech näischt doen, dofir ass och Henri Kox (déi gréng) e vill ze „liberale“ Minister. Dat selwecht dierft sech fir d‘Präisentwécklung an dësem Secteur feststelle loossen. Als Logementsminister muss den Henri Kox awer wéinstens den Androck hannerloossen, et géif a sengem Ministère geschafft an no realistesche Léisunge gefuerscht.
An esou mussen och kleng Schrëtt grouss ugekënnegt ginn. Leschten Dënschdeg huet de Minister erkläert, datt de Client nëmmen dann de richtege Choix treffe kann, wann dësen och entspriechend informéiert ass. Dat schéngt bei Annoncen am Immobilier net wierklech de Fall ze sinn. Déi géifen oft falsch oder onvollstänneg Informatiounen enthalen, an deem misst een elo ophëllefen.
Elo ass ee „Client“ an éischter Linn e Konsument, an de Konsumenteschutz ass de Ressort vun der Ministesch Paulette Lenert (LSAP). Et ass folglech richteg an ubruecht, datt sech den Henri Kox an dëser Ugeleeënheet mat Konsumenteschutzministesch accordéiert. Si hunn sech dann och allebéid engagéiert zesummenzeschaffen a wëllen dofir suergen, datt d‘Annonce „méi lieserlech“ ginn.
Hei kann nach drop higewise ginn, datt Annonce mat falschem oder onvollstännegem Inhalt als „deloyal kommerziell Praxis“ bewäert ginn. Et géif hei also och scho bestoend Gesetzer, déi een uwenne kéint wann een dat dann och eeschthaft wëlles hätt. Wéi a wien zukünfteg déi Annonce soll kontrolléieren ass nach net gewosst, och net wien da bei festgestallte Verstéiss soll agräifen.
Elo muss een dem Logementsminister awer eng Chance ginn ze beweisen, datt hien et anescht kann an och wëll. Beim Paulette Lenert dierf ee sech sécher sinn, datt eppes wäert geschéien, d‘Doleance vun de Konsumente sinn en Uleies an vill vun hinnen si Membere vum Konsumenteschutz (ULC). An esou wieren d‘Minister gutt beroden, hire Wierder och Dote follegen ze loossen.
Illustratioun: Alexander Stein / Pixabay