Search

You may also like

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt
Neiegkeeten

Ab dem 1. Juli ginn d‘Servicer vum SAMU verstäerkt

De SAMU (de Service fir urgent medezinesch Hëllef) gouf zu

Wien huet de Jugendpräis 2021 gewonnen?
Neiegkeeten

Wien huet de Jugendpräis 2021 gewonnen?

De 6. Mee war am Forum Geesseknäppchen d’Präisiwwerreechung vum Jugendpräis

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!
Neiegkeeten

Expo MELTING POT – Dem Joël seng Éischt eleng!

Fir seng éischt Eenzelausstellung huet de Lëtzebuerger Artist Joël Rollinger de

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“

Den Henri Kox ass wuel nach net „laang“ Minister, mee dat de Problem elo eréischt erkannt gëtt?

Logementsminister vun de Loyeren „iwwerrascht“

De Logement zu Lëtzebuerg ass een zolitte Problem, deen d‘Politik ni eeschthaft versicht huet an de Grëff ze kréien. Sécher et gëtt Ustrengungen ënnerholl de soziale, wéi och de „ präislech moderate“ Wunnengsbau virunzedreiwen, mee an der Locatioun huet een sech ëmmer drop verlooss, datt de Marché dat Ganzt géif gereegelt kréien. Elo erkennt de Logementsminister endlech de Problem…

Schold dorunner huet awer net d‘Erkenntnis, datt et esou net ka weider goen. Nee, hei kann ee sech drop behaapten, datt nodeems e Locataire um Lampertsbierg am Januar eng juristesch Prozedur an d‘Wee geleet hat, fir de Loyer vu senger 90 M² Wunneng (vu ronn 1.700 Euro mat Chargen op 1.100 Euro) erofgesat ze kréien. Dësen Dissens hat d‘Ronn bis an d‘Regierung gemaach.

Esou hat dëse Locataire sech op d‘Gesetz vum 21. September 2006 bezunn. Dëst Gesetz, dat wéi vill anerer kaum Beuechtung beim Bierger fonnt huet, beseet, datt ee Proprietär dem Locataire net méi Loyer am Joer ofverlaangen dierf, wéi 5% vun der an dës Wunneng investéiert Kapital. Dem streiderege Locataire seng Wunneng ass Deel vun enger Immobilie déi 1957 kaf ginn ass.

Nach am Januar hat d‘Friddensgeriicht dem Locataire seng Requête als recevabel aktéiert an en Expert beoptraagt, sech dem Dossier unzehuelen. Deen hat de 14. Mee säi Rapport ofginn, wat fir zousätzlech Opreegung gesuergt huet. Dësen huet a sengem „Avis“ drop higewisen, datt dee vum STATEC „berengegt“ Maartpräis vum Konstruktiounsindex net wierklech verléisslech wier.

An der Suite huet dësen ee Loyer vun… 1.825 Euro virgeschloen. De Proprietär sengersäits awer wëll de Loyer op 2.000 Euro erhéijen. Enn Juni huet d‘Friddensgeriicht tranchéiert, an kenger Partei Satisfaktioun ginn. Am Uerteel huet d‘Geriicht de Loyer vun 1.700 Euro festgehalen. Béid Parteie mussen sech zudeem d‘Geriichtskäschten deelen, woubäi de Plaignant keen Affekot gebraucht hat.

Et brauch e Gesetz

Gëschter huet de Logementsminister Henri Kox (déi gréng) dann annoncéiert, datt hien nach an dësem Summer e Gesetz an der Chamber deponéiere wëll, mat deem soll séchergestallt ginn, datt d‘Virschrëfte besser definéiert a spezifizéiert ginn. Dat wier noutwenneg, fir esouwuel de Locataire wéi och de Proprietären eng Grondlag ze bidden, op déi si sech beruffe kéinten.

An och de Minister bezitt sech hei op d‘Urteel vum Friddensgeriicht. Esou huet den Henri Kox gemengt: „De Prozess huet gewisen, datt d‘Praxis doranner besteet, bei der Bestëmmung vum Loyer, déi um Maart gängeg Präisser ze berécksiichtegen. Déi sinn oft schockant, wëll si vill ze héich sinn. (…) D‘Ëmsetze vun der 5%-Garantie ass awer net zum Nodeel vun de Proprietären“.

Säi „Plang“ fir nees eppes Uerdnung an de ganze Mëssel ze bréngen, berout primär op zwou Remarke vum „Habitat-Observatoire“, deen de LISER a senger „Note °26“ an “Note°25” um Donneschdeg virgestallt huet. Wiesentlech méi Konkret ass de Logementsminister dann awer leider och net ginn, dofir huet hien d‘Geleeënheet genotzt, fir nees op déi eege politesch Bestriewungen anzegoen.

Esou huet hien drun erënnert, datt et säin Zil wier méi bezuelbare Wunnraum ze schafen. Gemengt ass de Bau vu Logementer déi dann an ëffentlecher Hand leien. Hie versprécht d‘Decisioune vun der virechter Regierung ze verfollegen. Dat heescht 70% vun de Wunnengen déi vun ëffentleche Bauträger geschafe ginn, zu abordabele Loyeren ze verlounen. Wat ass domadder elo gemengt?

Laut dem Minister soll de Loyer – bei de Logementer aus ëffentlecher Hand – un d‘Akommes vun de Menage gebonne ginn. Et soll esou séchergestallt ginn, datt een zukünftegt net méi 50% mee maximal 30% vu sengem Akommes fir de Loyer opwanne sollt. Dat wier sënnvoll a géif jo och derzou bäidroen, datt Kafkraaft vun de Leit verbessert gëtt, wat jo wirtschaftlech interessant ass.

Illustratioun: © Naomi Hébert / unsplash

Related topics Henri Kox, Logementsminister, Loyeren, Observatoire de l'habitat, Soziale Wunnengsbau
Next post Previous post