Search

You may also like

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl
Business Neiegkeeten

Néng Covid19-Affer am Vitalhome zu Käl

Schonn en Dënschdeg, wou d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) zesumme man

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert
Business Neiegkeeten

D‘Police huet d’Campagne „#CyberScams“ lancéiert

Internet, eng Plaz déi vill als „rechtsfräie“ Raum betruechten, ass

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!
Business Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Dag vun der Rous!

Um haitegen Dag kritt „duerch d’Blumm schwätzen“ eng nei Bedeitung.

Logistesch Talenter ausgezeechent

Logistesch Talenter ausgezeechent

Obwuel et keen einfacht Joer War, dat bedéngt duerch déi sanitär Moossnamen am Kontext vun der Covid19-Pandemie, hunn d‘Studente vum „D.T. Logistik“ gutt Leeschtungen ofgeliwwert.

Fir déi jonk Talenter, déi am Secteur vun de Logistik aktiv sinn ze ënnerstëtzen, belount de „Cluster Fir Logistik Lëtzebuerg“ all Joers déi beschte Studente vum „Diplom als Logisitk-Techniker“. Den 13. September hunn den C4L-President Carlo Thelen, an den Direkter-Adjoint vun der berufflecher Orientéierung (Educatiounsministère) ee Präis fir déi zwee bescht Léierbouwe vum Joer 2020/21 iwwerreecht.

Dat sinn de Brian da Silva Santos (Schüler am LTB) deen eng Léier am „GLOBUS Baumaart“ mécht, an den Nelson Leal Morreia (Schüler am LTL) deen eng Léier bei ArcelorMittal mécht. Duerch d‘Virlag vun exzellente Performancen, hunn si all Erwaardungen iwwertraff. De Philippe Scholten, Verantwortlech fir de Programm „D.T. Logisitik“ huet begréisst, datt d‘Formatioun am Secteur vun der Logistik esou ee grousse Succès kennt an esou formidabel Talenter ausbilt kënne ginn.

Mam Präis „Beschten Diplom als Logistik-Techniker“ krute béid Studenten een Akafsbong an Héicht vu 500 Euro, deen op de Plattform „Lëtzshop“ dierf agesat ginn. D‘Feier gouf ënnert de bekannte CovidCheck-Reegelen ofgehalen. De Carlo Thelen huet de Studenten an hiren Enseignante fir déi geleeschten Aarbecht ënner schwierege Konditioune Merci gesot. Dës Formatioun gëtt et zanter 2015.

Foto: (vlnr) Philippe Scholten, Nelson Leal Morreia, Brian da Silva Santos, Malik Zeniti. © C4L

Related topics Akafsbong, C4L, D.T. Logistik, Diplom, Handelskummer, Lëtzshop, Studenten
Next post Previous post