Search

You may also like

surprise
Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?
Neiegkeeten

Kann Italien vun der EU Verantwortung erzwéngen?

Nodeems Italien sech weigert e Schëff mat 629 Migranten, déi

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)
Neiegkeeten

De COPAS-President huet och e Recht op eng Meenung (Kommentar)

Um Freidegmuere war de President vun der COPAS – dat

Kee Profit mat der Pandemie!
Neiegkeeten

Kee Profit mat der Pandemie!

Um Donneschdeg haten sech Vertrieder vun déi lénk an dem

Auszeechnung fir déi zwee talentéiertst Diplom-Techniker an der Logistik 19/20

Als Zeeche vu Wäertschätzung fir déi bedeitend Leeschtunge vun de jonken Diplom-Techniker an der Logistik, zeechent de Cluster for Logistics Luxembourg, a Presenz vum Stellvertrieder vum Ministere fir Bildung, Kandheet a Jugend an dem stellvertriedende Leeder vun der professioneller Orientatioun Tom Muller, fir déi zweete Kéier hannerteneen déi zwee bescht Diplom-Techniker an der Logistik 2020 aus.

Den Transport a Logistiksecteur befënnt sech an engem stännege Wandel. Themen ewéi Digitaliséierung, Automatiséierung souwéi innovativ an nohalteg Technologië récken ëmmer méi an den Virdergrond. Fir dës komplex Erausfuerderungen ze bewältegen, ginn zu Lëtzebuerg am Kader vum Logistikprogramm Joer fir Joer nei talentéiert Logistiker ausgebilt. An dësem Zesummenhang hunn dëst Joer 13 Schüler aus de Schoule Lycée Technique de Bonnevoie an Lycée Technique de Lallange d’Ofschlossexame gepackt.

Am leschte Joer si besonnesch d’Karolina CISINSKA, Schülerin aus dem Lycée Technique de Bonnevoie an agestellt bei Arthur Welter Transports souwéi den Andrea FORESI, Schüler aus dem Lycée Technique de Lallange an agestallt bei ArcelorMittal duerch hier erstaunlech Leeschtungen opgefall.

Dat besonnescht Talent an Engagement vun dëse Schüler éiert de Cluster for Logistics Luxembourg mat der Auszeechnung “Best Diplôme de Technicien en logistique 2019/2020”.

D’Ausbildung fir Diplom-Techniker an der Logistik gouf 2015 mat der Ënnerstëtzung vum Cluster for Logistics Luxembourg agefouert a preparéiert jonk Schüler a Studenten op d’Aarbecht am Transportberäich vir.

Logistik© C4L

D’Logistik- an Industrieentreprisë brauche qualifizéiert a motivéiert jonk Mataarbechter, fir déi villfälteg Aufgaben ze erfëllen.

“D’Ausbildung vun neien Talenter am Beräich vun der Logistik steet d’Weeche fir eng positiv Entwécklung an dëser Branche zu Lëtzebuerg. Gläichzäiteg ass déi erfollegräich Ausbildung vum Diplom-Techniker och e Verdéngscht fir Ausbildungsbetriber, déi Joer fir Joer neie Schüler d’Méiglechkeet ginn dëse Beruff vun der Pike op ze léieren,” begréisst de Phillippe Scholten.

Zu hirem Aufgabeberäich gehéiert ënnert anerem d’Organisatioun vun Transporter, d’Verwaltung vu Lagerhalen an den Zoll.

Aarbechtsplaze fanne Logistiktalenter haaptsächlech a Speditiounen awer och an Entreprisë wéi der Industrie an dem Handel.

Finanziell Ënnerstëtzung fir Ausbildungsbetriber

Fir d’Ausbildung wärend der Coronavirus-Krise ze ënnerstëtzen huet de Schoulministere d’Aschreiwungsfriste fir Studente verlängert a weider finanziell Hëllef ugekënneg4. Nieft den üblechen Ënnerstëtzunge fir Sozialausgabe kënnen Ausbildungsbetriber deemnächst eemoleg Primmen tëscht 1.500 a 5.000 Euro pro Student ufroen.

Hannergrond zu der Techniker Diplomausbildung

D’Ausbildung erméiglecht jonke Schüler praktesch Beruffserfarung an enger Entreprise ze sammelen an den Ofschloss erreechen, mat deem si direkt mam Beruffsliewe weiderfueren a sech qualifizéiere kënnen. D’Ausbildung huet en theoreteschen a prakteschen Deel. D’Theorie ass an der Beruffsschoul (Lycée Technique), de prakteschen Deel gëtt en engem Betrib ënnert der Uleedung vun engem Ausbilder duerchgefouert. D’Studente sinn dräi Deeg pro Woch an der Entreprise, d’Beruffsschoul besichen si zweemol d’Woch.

Weider Detailer an Informatioune fannt Dir op www.winwin.lu.

Related topics Andrea FORESI, Auszeechnung, Cluster for Logistics Luxembourg, DiplomTechniker, Karolina Cisinska, Logistik, Ofschloss
Next post Previous post