Parlamentswalen a Bulgarien: Déi Konservativ bleiwe stäerkste Kraaft
Bei der Parlamentswal a Bulgarien huet dem Ministerpresident Bojko Borrissow
Bei der Parlamentswal a Bulgarien huet dem Ministerpresident Bojko Borrissow
Eigentlech sollt déi 24. UN-Klimakonferenz (COP24) e Freideg mat enger
Um Dënschdeg huet déi britesch Regierung matgedeelt, datt se sech
Nodeems um 29. Dezember 2010 d’Gemeng Biekerech decidéiert huet, fir lokal Suen anzeféieren, konnte schonn um 2. Januar 2013 déi éischt Schäiner an Ëmlaf goen. Ee Beki entsprécht engem Euro, an dës Wärung kann just bei de Partner am Kanton Réiden benotzt ginn. Ma, wat soll dann elo dorunner e Virdeel sinn?
Ma, heivir huet de Max Hilbert vun der Asbl de Kär als éischt emol en Ausfluch an déi ekonomesch Welt gemaach. Suen sinn ni neutral, a wou Gewënn gemaach gëtt, kënnt et op der anerer Säit zu Scholden, sou datt een am Endeffekt ëmmer op 0 erauskënnt.
E Kritikpunkt vun eiser Wirtschaft ass et, datt déi inkoherent Logik vun de Suen en ekonomesche Wuesstem viraussetzt. Dobäi transforméiere mir all eisen natierleche Räichtum, just fir ëmmer méi ekonomeschen a materielle Räichtum ze kréien, zerstéiere gläichzäiteg awer och eis Ëmwelt.
Bei der Grënnungsversammlung vum Veräin De Kär an der Biekerecher Millen den 18. Juli 2012
Mat enger lokaler Wärung ze bezuelen – an dësem Fall mam Beki – bedeit net nëmmen sozialen Zesummenhalt an Ënnerstëtzung fir regional Geschäfter an Entreprisen, mee beispillsweis och e méi bewossten Ëmgang mat Suen. Nodeems de Beki agefouert ass, hunn d’Bierger nämlech ugefaangen, sech fir de wirtschaftleche System ze interesséieren, an ze hannerfroen a sech méi domat ze befaassen.
Gläichzäiteg iwwerdenkt de Beki-Notzer awer och säin eegent Konsumverhalen. Mat de lokale Schäiner gëtt een motivéiert am Kanton Réiden ze kafen. Domat ënnerstëtzt een net nëmmen dës Betriber a Butteker, mee et séchert een och d’Aarbechtsplazen an der Regioun. Esou e Beki gëtt an der Reegel 5 Mol weiderginn, ier en an Euro ëmgewiesselt gëtt. Dat géif, sou de Max, fir d’Betriber an der Regioun en Ëmsaz vun 500 Beki ausléisen.
Doduerch, datt ee beim Zeréckwiesselen vum Beki op den Euro 5% verléiert, soll de Konsument ugereegt ginn, seng Schäiner bis zum Schluss auszeginn. Sollt et engem awer net anescht méiglech sinn, wéi vu Beki nees op Euro ze wiesselen, esou ginn dës 5% opgedeelt an 2% fir de Fonctionnement vun der Asbl de Kär an 3% fir de gudden Zweck.
Dës 5% Verloscht hunn awer e weideren Notzen. Hutt Dir Iech net vläit scho geduecht, datt ee vläicht regional Betriber ënnerstëtzt, dës awer net nëmme regional Produiten ubidden? Ma, och de Verkeefer soll dozou ermuddegt ginn, eventuell säi Verhalen ze iwwerdenken. Bezillt de Client nämlech eng Courgette aus Spuenien mat Beki, muss hien säin Händler mat Euro bezuelen a verléiert 5%. Keeft hien awer beispillsweis bei engem lokalen oder regionale Bauer geet en dësem Verloscht aus de Féiss, woubäi gläichzäiteg den Transportwee verkierzt ka ginn.
Nodeems de Bierger motivéiert ginn ass op dës lokal Wärung zeréckzegräifen a seng Suen an der Regioun auszeginn, konnten zënter 2013 ganzer 1,3 Milliounen Euro a Beki ëmgewiesselt ginn. Dat fonctionnéiert iwwregens iwwert d’Partner-Banken oder op Bestellung.
Grouss Zukunftspläng hu se bei der Asbl natierlech och schonn. Zum engen gëtt de Projet Crowd4Region lancéiert, bei deem iwwert Crowdfunding op ländlech a regional Besoinen soll geäntwert ginn. Zum aneren soll schonn Ufank 2021 den digitale Beki kommen. Zesumme mat der Startup Sikoba wierkelt een aktuell u BekiPay.
Eleng beim Beki soll et awer net bleiwen. Och am Escher Kanton wëll een deemnächst e Projet mat lokale Sue lancéieren.
Am Kader vun dëser Videokonferenz huet den Thibaut aus der Belsch den sougenannten Epi Lorrain, eng lokal Wärung aus der Lorraine Belsch, virgestallt. Nodeems et 2008 zur Kris koum, Banken d’Kontroll verluer hunn an et zu Fuitte beim Kapital koum, sinn eleng a Wallounien 14 lokal Wärungen – dorënner beispillsweis de Lumsou, de Yar oder och de Ropi – entstanen. Genee wéi beim Beki entsprécht een Epi engem Euro.
Ma, si kënnen hir elektronesch Suen scho virweisen a kommen domat beim Konsument immens gutt un. Am zweete Semester vun 2020 konnt den elektroneschen Epi sech am Verglach zu 2018 verfënneffachen. D’Schäiner hu sech wärenddeem verduebelt. Eleng an dësem Joer waren 160.000 Epi am Ëmlaf.
Wann Dir méi zum Beki wëssen wëllt – wou een en hir kritt, wou een e benotze kann oder och wéi sécher dës Wärung ass – da kuckt emol op beki.lu laanscht. Interesséiert Iech d’Thema vu lokalen an och nohaltege Suen, da sollt Dir de REconomy Projet onbedéngt kenneléieren.
Déi ganz Konferenz kënnt Dir hei nach emol kucken: