Search

You may also like

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown
International Neiegkeeten

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Iwwert d‘Chrëschtdeeg konnten d‘Éisträicher et eppes méi labber ugoen an

surprise
Nuddelen, Bësch-Champignonen a Käschten
International Neiegkeeten

Nuddelen, Bësch-Champignonen a Käschten

Wéi kritt een den Hiecht an d‘Kichen? Dat war eng

surprise
UN-Klimasommet: „Et gëtt sech beméit!“
International Neiegkeeten

UN-Klimasommet: „Et gëtt sech beméit!“

Bezunn op d‘Liewenserwaardung vun de Staats- a Regierungscheffen déi sech

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter

Premierminister a Gesondheetsminister a Groussbritannien mussen a Quarantaine

London: de Covid19 iwwerhëlt d‘Regierungsgeschäfter

Et war de Boris „King of the World“ Johnson „himself“ dee gëschter an der Mëttegstonn an enger Videomessage via Twitter, senge Landsleit an der ganzer Welt matgedeelt huet, datt hie positiv op de Coronavirus Covid19 getest ginn ass, a sech elo selwer ënner Quarantaine stellt. Hien hätt ganz geréng Symptomer, eppes Féiwer a zolidd den Houscht, esou de britesche Premierminister.

Covid19An et kann ee sech liefhaft virstellen, datt de BoJo ganz frou war, wéi d‘Mataarbechter vun der NHS (nationale Gesondheetssystem) an der „Downing Street Number Ten“ opgeschloe sinn, an entgéint allen Erwaardungen, nëmmen en Test gemaach hunn. Deen ass awer positiv ausgefall, firwat de britesche Premier, dee bekanntlech ee Mann vu Vernonft ass, selwer isoléiert huet.

Elo ass de Boris Johnson, am Verglach zu de Meeschte Regierungscheffen op der Welt nach ee jonken a kräftege Kärel, an hie wäert wuel zu all deenen Affer gehéieren, déi a Groussbritannien wäert ginn, well d‘NHS guer net d‘Moyenen huet fir der Pandemie d‘Stir ze bidden. Hie kann also, dank de neien Technologie weider säi politescht Onwiesen dreiwen, elo mat eppes Asiicht…

Covid19

An de Kontaktfreedege Premier ass net deen eenzegen an der Regierung, dee sech de Coronavirus agefaangen huet. Esou huet och de Gesondheetsminister Matt Hancock via Twitter matgedeelt, datt hie positiv getest ginn ass. Da schafft elo de britesche Gesondheetsminister aus dem Homeoffice. Dem Boris Johnson awer kënnt de Privileg zou, den éischten infizéierte Regierungschef ze sinn…

Ze laang gewaart?

Nach virun zéng Deeg hat de Boris Johnson, sécherlech an Ofsprooch mat senger Ekipp, erkläert, datt d‘Schoulen net missten zougemaach, an de Patt zu Feierowend roueg soll genoss ginn. Wann sech d‘Mënsche vernënfteg géife behuelen, da géif dat alles net esou schlëmm. Zu dësem Ament war d‘Lag an Italien kritesch, am Frankräich an a Spuenien ginn d‘Zuelen duerch de Plafong.

Covid19Dobäi wier et besonnesch fir Groussbritannien wichteg gewiescht, ee massiven Ausbroch vun der Pandemie ze verhënneren. Et gëtt weder genuch Better, Personal a schonn emol guer net genuch Beotmungsapparater. Eigentlech ass de britesche Gesondheetsdéngscht scho mat der saisonaler Wantergripp iwwerfuerdert. Dëser sanitärer Kris huet den Empire séier wéineg entgéintzesetzen.

Um Donneschdeg gouf et dann och fir d‘éischt iwwer 100 Stierffäll an engem Dag. Alles an allem huet et zu dësem Zäitpunkt 578 Covid19-Affer ginn. Nogewise goufe ronn 11.700 Infektiounsfäll. Wéi vill Mënschen a Groussbritannien tatsächlech infizéiert sinn léisst sech allerdéngs net soen, well op der Insel gëtt verhältnesméisseg wéineg getest, an d‘Mesuren hunn op sech waarde gelooss.

Covid19

De BoJo ass dann elo, no der Vernonft, vun de Moossnamen iwwerzeegt, déi getraff goufe fir eng séier Verbreedung ze verhënneren. An de britesche Premier ass iwwerzeegt, datt d‘Briten de Virus schloe kënnen. Schonn e Mëttwoch hat de Krounprënz Charel, dee seng Patten och net bei sech hale konnt informéiert, datt hien sech mam Coronavirus Covid19 infizéiert hat. Der Queen geet et gutt…

mat indymedia/lon

Related topics Boris Johnson, Coronavirus, Covid19, Groussbritannien, Matt Hancock, NHS, Pandemie
Next post Previous post