Search

You may also like

Rapp a Klapp zu Wäisswampech während der Gemengerotssëtzung
International Neiegkeeten

Rapp a Klapp zu Wäisswampech während der Gemengerotssëtzung

Nodeems et am August am héijen Norde wéinst dem touristesche

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit
International Neiegkeeten

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit

Vergaangenen Donneschdeg huet d’EU-Parlament mat enger grousser Majoritéit een Ëmsetzungrapport

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn
International Neiegkeeten

Anti-Coronavirus Protester: Et fänkt un Handgräiflech ze ginn

An enger Rei Länner ass et Samschdeg op en neits

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of

Aus Protest zur Exklusioun vu konservative Kollegen huet d‘Amber Rudd hiert Mandat opginn

London: Aarbechtsministesch wennt sech vum Premierminister of

Nom Brudder Jo Johnson verléisst eng vun de profiléiertste Politikerinnen d‘Regierung vum Boris Johnson. De Récktrëtt vun dëser als „gemässegt“ bezeechenter Ministerin ass eng weider Néierlag fir de britesche Premier, deen un engem Brexit – op mat oder ouni Ofkommes – onbeiirt festhält.

Hir Demissioun huet d‘Amber Rudd via Twitter verëffentlecht: „Ech kann net weider nokucken, wéi gutt, loyal, moderat Konservativer ausgeschloss ginn. Ech kann dëse politesche Vandalismus net ënnerstëtzen“, esou d‘Aarbechtsministesch. Si trëtt zudeem och aus der Fraktioun aus. Domat kritt d‘Allianz vun den Oppositiounspolitiker, déi sech géint en haarde Brexit opgestallt hunn, nach méi Gewiicht.

Premierminister

De Boris Johnson hat net méi spéit wéi leschten Dënschdeg déi 21 Dissidenten aus dem eegene Lager verwisen, well dës sech géint e méiglechen Austrëtt aus der europäescher Unioun ouni Accord ausgeschwat haten, a grad wéi d‘Oppositioun de Premier zwénge wëllen eng weider Fristverlängerung zu Bréissel unzefroen. De Boris Johnson wëll sech awer net zu esou engem Schratt zwénge loossen.

Theorie a Praxis

Elo – an déi dem Parlament operluechten Zwangspaus – bereeden sech dem BoJo seng Géigner op eng juristesch Schluecht mat der Regierung vir. Zumindest schéngen dovunner d‘BBC a SkyNews iwwerzeegt ze sinn. E Freideg ass zudeem e Gesetz ugeholl ginn datt en Austrëtt ouni Ofkommes rechtlech verbitt an d‘Regierung zwéngt, wann si bis 19. Oktober keen Accord mat der EU fonnt a ratifizéiert huet, eng Verlängerung unzefroen.

PremierministerMee och dëst Gesetz schéngt de Boris Johnson net vu sengen Absichten ofzehalen. E Freideg, nom Vott am House of Lords, wou d‘Gesetz definitiv ugeholl ginn ass, huet de britesche Premierminister de Journalisten erkläert, datt „d‘Gesetz nëmmen theoretesch e Report vum Brexit virgesäit“. An hien huet schliisslech de Brite versprach, datt egal wat kënnt, hie Groussbritannien den 31. Oktober aus der EU entléisst.

Neiwahlen?

Fir säi „Verspriechen“ nach anhalen ze kënnen, brauch de Boris Johnson elo Neiwahlen. Doriwwer wëll de britesche Premier e Méindeg ofstëmme loossen. Dofir bréicht et allerdéngs eng zweedrëttel Majoritéit déi fir den Ament net ginn ass. Géif et him awer geléngen, besteet d‘Méiglechkeet mat enger neier Parlamentsmajoritéit d‘Gesetz nees ze änneren. D‘Oppositioun huet da schonn emol kloergestallt datt si dat net wäert zouloossen.

PremierministerBei dësem wierklech zolitte politesche Chaos gëtt natierlech och ville Spekulatiounen d‘Dieren opgemaach. Datt d‘Regierung mangels Optiounen d‘Gesetz awer sollt ignoréieren, ass eng gewoten Thees. Méiglech dogéint ass, datt no engem Wee gesicht gëtt d‘Gesetz ze ëmgoen. Géif sech de Boris Johnson iwwert d‘Gesetz ewechstellen – hien ass wéi all Bierger un de Rechtsstaatprinzip gebonnen – kéint hien am Bing landen.

Randnotiz

Während sech d‘Politiker zu London vun enger Blamage zur anerer bewegen, d‘Bierger op der Insel et mat der Angscht ze di kréie well kee weess wat hinne mat engem haarde Brexit bléid, kann d‘EU-Kommissioun näischt anescht maache wéi drop waarden, datt eng Entscheedung gefält gëtt. Enger Verlängerung vun der Frist ass een zu Bréissel ënnert den aktuellen Ëmstänn net opgeschloss. Zudeem misst déi eestëmmeg ugeholl ginn.

Premierminister

Hale mir nach e Fakt fest: de Boris Johnson ass net vun de Briten zum Premier gewielt, mee vun 100.000 Delegéierte vun der Tory-Partei ernannt ginn. Et ass also en „net legitiméierte“ Premier deen e legitiméiert Parlament mat enger Zwangspaus schachmatt setzt. Dat widdersprécht allen demokratesche Grondprinzipien. An awer kéint de Boris Johnson bei Neiwahlen „bestätegt“ ginn, dat well den Jeremy Corbyn sech onbeléift gemaach huet.

mat indymedia/lon

Related topics Amber Rudd, BoJo, Boris Johnson, Brexit, House of Commons, House of Lords, Jeremy Corbyn, Jo Johnson, No Deal
Next post Previous post