Search

You may also like

D’Stad Lëtzebuerg sicht Dännebeem fir d’Chrëschtzäit
International Neiegkeeten

D’Stad Lëtzebuerg sicht Dännebeem fir d’Chrëschtzäit

De Service des Parcs vun der Stad Lëtzebuerg preparéiert sech

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM
International Neiegkeeten

Fir verkierzte Waardezäiten beim IRM

De Gesondheetsministère huet dës Woch bekannt ginn, datt den Étienne

money
Indextranche oder net Indextranche?
International Neiegkeeten

Indextranche oder net Indextranche?

Eigentlech hat een d‘Indextranche net méi fir Chrëschtdag erwaart, mee

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

London: Theresa May wëll kee Kompromëss beim Brexit

Um Sonndeg huet déi britesch Premierministesch Theresa May versprach, hire Projet vun enger enker Handelsbezéiung tëscht Groussbritannien an der EU nom Brexit bäizebehalen. Dat trotz oder vläicht grad wéinst enger strammer Oppositioun vun de Pro-Brexit Unhänger.

Am Juli hat d‘Theresa May e „wäisst Buch“ virgeluecht, dann deem si notamment d‘Schafung vun enger neier „Fräihandelszon“ mat der EU proposéiert. Déi soll op der Basis vu gemeinsame Reegelen, am Bezuch op Gidder a landwirtschaftlech Produiten, entstoen.

De „Plang vu Chequers“ hat fir zolidd Opreegung am Lager vun den Unhänger fir en „haarden“ Brexit gesuergt. Si sinn der Meenung, datt mat dësem Manöver dem Referendum vun 2016 net Rechnung gedroe gëtt. D‘Aktioun huet och derzou gefouert dat zwee Minister „den Hutt geholl“ hunn. De Boris Johnson (Ausseminister) an den David Davis (Brexitminister) wollten net méi.

„Deal“ oder „No Deal“?

Wat d‘Propose vum Theresa May ubelaangt, esou ass een sech och zu Bréissel net sécher, op dat eng liewensfäeg Léisung ass. D‘Premierministesch hält un hirem Virschlag fest a léisst an enger Kolumne vum Daily Telegraph wëssen: „ech wäert net gezwonge gi Kompromësser anzegoen, déi net an eisem nationalen Interessi sinn, zumindest wat de Plan vu Chequers ubelaangt“.

Den Austrëtt vu Groussbritannien aus der Unioun ass fir den 30. Mäerz 2019 programméiert. London a Bréissel si gehale bis September zum engem Accord ze fannen, mat deem dës Scheedung ka vollzu ginn, an d‘Fundament fir déi zukünfteg Zesummenaarbecht gegoss ka ginn.

Enger staarker Oppositioun ausgeliwwert – d‘Pro-Brexit Beweegung an de Mouvement „Leave means leave“ vum Nigel Farage – huet d‘Theresa May widderholl, datt si léiwer guer keen Accord wëll, wéi datt si bereet wier Bréissel Konzessiounen ze maachen.

„Mir wäerte virbereet sinn sollt et zum ‚No Deal‘ kommen“, schreift d‘Premierministesch, déi en zweete Referendum ‚zum Bäitrëtt‘ ausschléisst. Dës Fro nach emol stellen, wier e Verrot un eiser Demokratie, an e Verrot un dësem Vertrauen“.

mat AFP

Related topics Bréissel, Brexit, Chequers, London, Theresa May
Next post Previous post