Search

You may also like

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2
Neiegkeeten

Weess du, wéi eng Uertschaften sech hannert dëse franséische Nimm verstoppen? – 2

[onionbuzz quiz-id=58][/onionbuzz] No der éischter Editioun vun dësem Quiz hate

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar
Neiegkeeten

Ee Stopp vum AKW Cattenom ass noutwenneg a machbar

35 Joer nom Supergau vun Tschernobyl an enger weiderer Katastroph

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!
Neiegkeeten

Dësen Donneschdeg: Jobday vir d’Cloche d’Or!

De 7. Mäerz 2019 organiséiert d’ADEM, zesumme mam Reseau EURES

LOOK AT ME – Eng emotional Rees duerch d’mënschlech Diversitéit

Iwwerdroung op Facebook - Donneschdes, den 21. Januar 2021 um 19:00 Auer

LOOK AT ME – Eng emotional Rees duerch d’mënschlech Diversitéit

Mir sinn all ënnerschiddlech, an awer gläich. Mam Projet „Look at me“ weisen déi Jugendlech vun Trisomie21, wéi spannend d’Diversitéit ka sinn. Als universell Sprooch gëtt heivir d’Musek an den Danz genotzt.

Ënnert der Leedung vun der Choreographin an Dänzerin Sylvia Camarda goufen d’Geschichte vun de jonke kreative Käpp a Beweegungen a Symboler verwandelt, déi de Spectateur op eng emotional Rees entféieren.

A Form vun enger Video-Première wäert dësen artistesche Spektakel op der Facebooksäit vun der Kulturfabrik iwwerdroe ginn. De virtuelle Startschoss gëtt en Donneschdeg um 19:00 Auer gemaach.

Dëse Projet ass an Zesummenaarbecht vun Trisomie21 Lëtzebuerg Asbl, der Kulturfabrik an der Fondation EME mat Ënnerstëtzung vum Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte organiséiert ginn.

Related topics Fondation EME, Kulturfabrik, Look at me, Musek, Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte, Sylvia Camarda, Trisomie21
Next post Previous post