Search

You may also like

Porte Ouverte an der Fleegestatioun fir wëll Déieren
Kultur Neiegkeeten

Porte Ouverte an der Fleegestatioun fir wëll Déieren

Um vergaangene Weekend duerft d’Ëffentlechkeet ausnamsweis een Abléck an d’Aarbecht

Covid19 update: Mir halen d‘Kurv flaach
Kultur Neiegkeeten

Covid19 update: Mir halen d‘Kurv flaach

Hisichtlech der Reprise vum Schoulbetrib nächste Méindeg, esou wéi och

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft
Kultur Neiegkeeten

Liichtverschmotzung gëtt och zu Lëtzebuerg bekämpft

Liichtverschmotzung gëtt ëmmer méi zu engem Thema. Dorënner versteet een

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

„Looss alles eraus“ – Danz a Rap als Form vun Therapie

Wien eng zweet Editioun organiséiert, dee muss och un eng Drëtt denken. A genau no dësem Motto hunn d’Organisateure vu „Looss alles eraus“ wuel och gehandelt. Esou soll och dëst Joer nees d’Kreativitéit vun de Jugendlechen aus der Psychiatrie Juvénile mam erfollegräichen, emotionalen an artisteschen Evenement gefërdert ginn.

D’Kollaboratioun tëscht der Fondatioun EME, dem Rocklab vun der Rockhal an dem Spidol Robert Schuman huet als Zil, datt jonke Leit unhand vun originelle Rap-Texter a coolen Danz-Einlagen hire perséinleche kreative Prozess fërderen an esou vläicht och hiren eegene Wäert ze schätze léieren. No zwee Evenementer am Club vun der Rockhal, déi alle béid super ukomm sinn, sollt et dann och dëst Joer nees fir d’Dänzerin Sylvia Camarda, de Rapper David Gelassi an de Produzent Céhashi un d’Wierk goen.

Looss alles eraus

© Fondation EME

Mat der Zäit sollen déi Jugendlech tëscht 12 an 18 Joer aus der Psychiatrie Juvénile aus dem Spidol Robert Schuman léieren, hiren Emotiounen a Reflexioune fräie Laf ze loossen, wat een jo net besser erreeche kéint, wéi mat Hëllef vun der Musek!Mat de Workshops, déi am November 2018 ugefaangen hunn an am Abrëll 2019 ophale wäerten, kann ee bal garantéieren, datt den Horizont erweidert gëtt an d’Participanten ee Stéckelche méi fräi Heem ginn.

Dëst Joer fënnt „Looss alles eraus“ um 25. Abrëll am Club vun der Rockhal statt. Hei presentéieren déi jonk Talenter hir Kreativitéit, hiren Engagement a wat si geléiert hunn. Bei der Generalprouf um 24. Abrëll 2019 um 14:00 Auer sidd och Dir häerzlech invitéiert deelzehuelen!

Looss alles eraus

© Fondation EME

Zur Fondatioun EME

Am Januar 2009 ass d’Fondatioun EME gegrënnt ginn, fir esou d’Freed an d’Gléck duerch Musek all Persoun zougänglech ze maachen. Dozou gehéiert schliisslech och all Persoun, déi vun dem kulturelle Liewen zu Lëtzebuerg duerch besonnesch Ëmstänn ausgeschloss gëtt. Am vergaangene Joer sinn op hir Initiative 600 Evenementer organiséiert ginn, déi net nëmme 15.000 Persoune glécklech gemaach hunn, mee deelweis souguer een therapeuteschen Effekt haten. Méi zur Fondatioun fannt dir op www.fondation-eme.lu.

Zum Rocklab

Dës Plaz went sech ausschliisslech un Artiste, professionell Museksgruppen a Kreateuren. Mat 6 Säll, engem Opnamestudio, enger Mediathéik, sou wéi engem Reuniounssall an enger Plaz fir Co-Working kann ee sech als Kënschtler hei bäschtens orientéieren, informéieren an aner Kënschtler bei hirem Schafens-Prozess begleeden. Duerch Atelieren, Masterklassen, Formatiounen an Table Rondes ass fir jiddwereen eppes mat dobäi.

Opmaacherbild: © Fondation EME

Related topics Céhashi, David Gelassi, Fondation EME, Looss alles eraus, Rocklab, Sylvia Camarda
Next post Previous post